Strangers on a Train (Film)

Strangers on a Train ass en US-amerikanesche Film vum Regisseur Alfred Hitchcock aus dem Joer 1951 nom Roman mam selwechten Numm vun der Patricia Highsmith.

Strangers on a Train
Film
Produktiounsland USA
Produktiounsjoer 1951
Première 30. Juni 1951
Dauer 101 min
Faarf Schwaarz-Wäiss
Format 1,37:1 -
Filmformat 35 mm
Originalsprooch Englesch
Ekipp
Regie Alfred Hitchcock
Dréibuch Raymond Chandler
Czenzi Ormonde
Whitfield Cook
no engem Romanvum
Patricia Highsmith
Fotografie Robert Burks
Musek Dimitri Tiomkin
Schnëtt William Ziegler
Dekoren Ted Haworth
Produzent Warner Bros.
Produktiouns-
gesellschaft
Warner Bros.
Schauspiller
Farley Granger als Guy Haines
Ruth Roman als Anne Morton
Robert Walker als Bruno Antony
Leo G. Carroll als Sen. Morton
Patricia Hitchcock als Barbara Morton
Marion Lorne als Mrs. Antony
Jonathan Hale als Mr. Antony
Norma Varden als Mrs. Cunningham
Alfred Hitchcock
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

De Guy Haines (Farley Granger), e bekannten Tennisprofi, begéint an engem Zuch de Bruno Antony (Robert Walker) deen hien net kennt. De Guy ass paff datt de Bruno säi Privatliewe sou gutt kennt. De Bruno proposéiert dem Guy, seng Fra ëmzebréngen, déi vun him getrennt lieft, wann de Guy dem Bruno säi Papp géif aus dem Wee raumen…

Trivia änneren

  • Den Hitchcock huet d'Cameo-Roll: hie klëmmt mat enger Bassgei an en Zuch.

Um Spaweck änneren