Suspicion (Film 1941)

US-amerikanesche Film vum Alfred Hitchcock

Suspicion ass en US-amerikanesche Film vum Regisseur Alfred Hitchcock aus dem Joer 1941 nom Roman Before the Fact vum Anthony Berkeley.

Suspicion
Film
Produktiounsland USA
Produktiounsjoer 1941
Première 1941
Dauer 99 min
Faarf Schwaarz-Wäiss
Format 1,37:1 -
Filmformat 35 mm
Originalsprooch Englesch
Ekipp
Regie Alfred Hitchcock
Dréibuch Samson Raphaelson
Joan Harrison
Alma Reville
no engem Roman vum
Anthony Berkeley
Fotografie Harry Stradling
Musek Franz Waxman
Schnëtt William Hamilton
Dekoren Van Nest Polglase
Produzent Harry E. Edington
RKO Radio Pictures
Produktiouns-
gesellschaft
RKO Pictures
Schauspiller
Cary Grant als Johnnie Aysgarth
Joan Fontaine als Lina
Cedric Hardwicke als Generol McLaidlaw
Nigel Bruce als Beaky
May Whitty als Mrs. McLaidlaw
Isabel Jeans als Mrs. Newsham
Heather Angel als Ethel
Leo G. Carroll als Melbeck
Alfred Hitchcock
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

Den Johnny Aysgarth e charmante jonken Här léiert am Zuch déi jonk schei Lina kennen. Den Johnny bestit sech mam Lina. Nom Bestietnes mierkt si, datt de Johnny e Spiller ass, dee Geld léint an dat bei Wetten op Päerdscoursse verspillt. Nodeems dem Johnny säi Geschäftsfrënd op eng mysteriéis Manéier ëm d'Liewe koum, verdächtegt d'Lina den Johnny, de Frënd ermuert ze hunn. Si fänkt un dem Johnny seng Post opzemaachen an ze liesen, doduerch mengt se och nach den Johnny hätt wëlles si ze vergëften…

Cameo-Optrëtt vum Hitchcock änneren

Den Hitchcock wërft e Bréif op der Post an.

Um Spaweck änneren