De Kik Schneider, gebuer den 23. Mäerz 1953 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergeschen DP-Politiker a fréiere Member vum Staatsrot.

Kik Schneider
Gebuer 23. Mäerz 1953
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Banquier
Partei Demokratesch Partei

Biographie änneren

Nodeem hie seng Première am Escher Jongelycée gemaach hat, huet hien op der Sorbonne zu Paräis studéiert. Duerno war hie Mathé- a Philosophiesprofesser am Athénée an am Lycée de garçons an der Stad.

Zanter 1990 schafft hie bei der BGL. Hien huet als Generalsekretär ugefaangen an ass elo Direkter vum Marketing an der Coordination commerciale.

Vum 8. Abrëll 2000 u war hie Conseiller am Staatsrot, wou hien zanter Enn 2014 ee vun den zwéi Vizepresidenten war. Säi Mandat koum den 8. Abrëll 2015 zu Enn an hie gouf den 10. Juni 2015 duerch den Dan Theisen ersat.[1]

Hie war eng Zäit Tresorier vun der DP. Fir d'Europawalen 2009 war hie Kandidat op der Lëscht vun der DP, mä hie gouf net gewielt.

Quellen änneren

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. http://www.conseil-etat.public.lu/fr/composition/anciensmembres/membresdepuis1857/index.html?highlight=schneider