Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D' Myriam Cecchetti, gebuer den 23. Mäerz 1966 zu Esch-Uelzecht[1], ass eng lëtzebuergesch Politikerin (Déi Lénk).

Myriam Cecchetti
Gebuer 23. Mäerz 1966
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Schoulmeeschter
Partei Déi Lénk

Si ass zanter dem 19. Mee 2021, dem parteiinterne Rotatiounsprinzip no, amplaz vum Marc Baum, Deputéiert an der Chamber.

D'Myriam Cechetti ass vu Beruff Léierein.

Si war vum Oktober 2005 bis Oktober 2017 fir d'Partei déi gréng am Suessemer Gemengerot, dovun déi lescht 7 Joer als Schäffen. 2017 gouf si Member bei déi Lénk a war vun Oktober 2017 bis Mee 2021 fir si am Gemengerot.[1]

D'Myriam Cechetti ass Presidentin vun der Kooperative EpiSol – Sanem S.C., déi Gestionnaire vun “Eis Epicerie Zolwer” ass, der éischter Epicerie Solidaire.[2]

2018 huet si op der Lëscht vun déi Lénk am Südbezierk fir d'Chamberwale kandidéiert an ass fir déi zweet Hallschecht vun der Chambersessioun fir de Marc Baum nogerëtscht.

Um Spaweck änneren

Commons: Myriam Cecchetti – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Fiche op chd.lu, gekuckt 2021-09-08.
  2. Websäit vun Eis Epicerie Zolwer