De Jean Welter, gebuer den 2. Mee 1901 zu Esch-Uelzecht a gestuerwen 23. Mäerz 1977, war e lëtzebuergesche Boxer an Olympionik[1].

Jean Welter
Gebuer 2. Mee 1901
Gestuerwen 23. Mäerz 1977
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Boxer
Kompetitiounsklass Hallefschwéiergewiicht

Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1924 zu Paräis an 1928 zu Amsterdam vertrueden[2].

Hie war de Papp vum Jean Welter, Jr. deen op den Olympesche Summerspiller 1948 an 1952 och als Boxer dobäi war.

Kuckt och änneren


Referenzen änneren

  1. De Jean Welter op der Websäit vu sports-reference.com
  2. De Jean Welter op der Websäit vun der Association Luxembourgeoise des Olympiens