Jean Guillaume Wiltheim

lëtzebuergeschen Humanist, Geeschtlechen (S.J.) an Historiker

De Jean Guillaume Wiltheim, gebuer de 6. Juni 1594 a gestuerwen den 23. Mäerz 1636, war e lëtzebuergeschen Humanist, Geeschtlechen (S.J.) an Historiker.

Jean Guillaume Wiltheim
Gebuer 6. Juni 1594
Gestuerwen 23. Mäerz 1636
Aktivitéit Historiker
Famill
Papp Jean de Wiltheim
Geschwëster Alexandre Wiltheim, Eustache de Wiltheim
Plack op der Fassad vum Gebuertshaus vum Alexandre a Jean-Guillaume Wiltheim an der Waassergässel. Iwwersetzung: déi als éischt Liicht an dat réimescht Lëtzebuerg bruecht hunn.

Wéi seng Bridder Jean Gaspard Wiltheim (1591-1656) an Alexandre Wiltheim (1604-1684) ass och de (Jean) Guillaume Wiltheim Jesuitt ginn.

Hien ass relativ fréi un der Pescht gestuerwen an huet ee Manuskript hannerlooss, dat den Titel Disquisitionum antiquariarum Historiae luxemburgensis libri tres dréit. Dora verbënnt hien numismatesch, historesch, reliéis an topographesch Bäiträg mat Donnéeën, déi d'Stad Lëtzebuerg am Ufank vum 17. Joerhonnert betreffen. Den Alexandre Wiltheim huet dat Manuskript kritesch duerchgekuckt a mat Korrekturen a Kommentare versinn.

Literatur änneren

  • N.R. (= Nicolas Ries), Tableau critique des historiens luxembourgeois ; in: Les Cahiers luxembourgeois ; Numéro spécial Hommage à N. van Werveke ; Nr. 8 / Juli 1925; Ss. 575-580.
  • Ch.M.T. (= Charles-Marie Ternes), Alexander Wiltheim (1604-1684) ; in: Luxemburgensia aus Stadtbibliothek und Stadtarchiv Trier - Bibliophile Kostbarkeiten und wertvolle Archivalien aus 1000 Jahren ; Ausstellungskatalog, erausgi vum Ulrich Lehnart; Tréier (Stadbibliothéik), 2002; Ss. 112-114.
  • O.S. (= Othon Scholer), "Joannes Wilhelmus WILTHEIM S.J. (1594-1636) Mansfeldici apud Luxemburgenses Palatii Epitoma, Editio princeps du texte latin et traduction française par Othon SCHOLER suivies d'une biographie de l'auteur par Jean-Claude MULLER et de plans architecturaux par Gilles DANSART" in:"Palatium Mansfeldicum D'Mansfeldsschlass Études sur le comte Pierre-Ernest de Mansfeld (1517-1604) et son Palais Renaissance à Luxembourg-Clausen", P I, Luxembourg Les Amis de l'Histoire 2006.

Um Spaweck änneren