Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Jurist, Historiker an Auteur Pierre Hamer. Fir aner Leit mat deem selwechten Numm, kuckt wgl. Pierre Hamer.

De Pierre Hamer, gebuer den 23. Mäerz 1916 zu Déifferdeng, a gestuerwen de 14. Februar 2003 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Jurist, Ingénieur commercial, héije Beamten am Transportministère, Commissaire de Gouvernement bei der Eisebunn, Historiker an Auteur. Hie war de Papp vum Banquier an Auteur Charles Hamer.

Pierre Hamer
Gebuer 23. Mäerz 1916
Gestuerwen 14. Februar 2003
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker

Formatioun a Karriär änneren

Dem Pierre Hamer seng Eltere waren de Charles Hamer, Chef de service op der Déifferdenger Schmelz, an d'Thérèse Schintgen. Der Famill Hamer hir Wuerzele loosse sech am Norde vu Lëtzebuerg (Eeselbuer bei Klierf) bis 1492 zeréckverfollegen.

No senge Secondairesstudien am Stater Kolléisch (Section gréco-latine, 1936) huet de Pierre Hamer op den Universitéite vu Paräis, Bréissel a Frankfurt am Main studéiert an ass souwuel Docteur en droit wéi och Ingénieur commercial ginn. 1946 ass hien als Attaché an den Transportministère komm. Do huet hie sech ëm d'elektresch Energie-Versuergung, ëm d'Navigatioun op de lëtzebuergesche Flëss an ëm d'Aviatioun bekëmmert.

Publikatiounen (Auswiel) änneren

  • L'aéroport de Luxembourg; 1951.
  • Histoire des voies de communication luxembourgeoises; 1958.
  • Les transports fluviaux au Luxembourg; 1966.
  • Historique de la centrale de Vianden; 1971.
  • L'aviation luxembourgeoise; 1978.
  • Mexikanische Impressionen; 1959.
  • Voyage aux États-Unis; 1963.
  • Mémoire sur la Chine; 1975.
  • Reisebilder; 1981.
  • Raphaël de Luxembourg - Une contribution luxembourgeoise à la colonisation de la Louisiane; Lëtzebuerg (St.-Paulus), 1966.
  • Jean-Guillaume Guerrier - Un contitutionnel luxembourgeois à Haïti et en Flandre; Lëtzebuerg (St.-Paulus), 1969.
  • Anselme d'Esch - L'art de savoir bien mourir; Lëtzebuerg (St.-Paulus), 1977.
  • Les Capucins de Luxembourg; Lëtzebuerg (St.-Paulus), 1982; 280 Säiten.
  • Henri de Brandenbourg; Lëtzebuerg (St.-Paulus), 1983; 352 Säiten.
  • Kunigunde von Luxemburg: Die Rettung des Reiches; Lëtzebuerg (St.-Paulus), 1985; 2. Oplo: 1989.
  • Du nouveau sur Henri de Brandenbourg; Lëtzebuerg (St.-Paulus), 1987; 140 Säiten.
  • Le Cercle culturel Napoléon; 1990
  • Es gibt keine Luxemburger Geschichte; mat engem Virwuert vum Pierre Grégoire; Lëtzebuerg (St.-Paulus), 1990; 52 Säiten.
  • Der Apparat; mat engem Virwuert vum Pierre Grégoire; Lëtzebuerg (St.-Paulus), 1991; 100 Säiten.
  • Les enquêtes du commissaire Rhada (Serie vu 7 Bicher; = Kriminalgeschichten, déi sech am ëstleche Mëttelmierraum an der Antiquitéit ofspillen; St.-Paulus, tëscht 1972 an 1982).

Literatur änneren

  • Alice Schiltz, Untersuchungen zum Kriminalroman von Pierre Hamer; 1979.
  • Frank Wilhelm, La francophonie du Grand-Duché de Luxembourg; Pécs & Wien, 1999 (= Cahiers francophones d'Europe Centre-Orientale, 'Hors série'); Ss. 137-138.