D'Mir (russ. fir Fridden oder Welt) war eng sowjetesch bemannt Raumstatioun, déi vun 1986 bis zu hirem kontrolléierten Ofstuerz 2001 d'Äerd ëmkreest huet. Nodeems d'Mir an den éischte Joren nëmme vun der Sowjetunioun an deene mat hir verbonnene Staate benotzt gouf, huet déi russesch Raumfaartagentur Roskosmos se nom politeschen Ëmbroch am Ostblock weider bedriwwen an och fir westlech Staate an hir Raumfaartagenturen zougänglech gemaach.

Raumstation Mir
D'Raumstatioun Mir am Äerdorbit
Typ Raumstatioun
Land UdSSR / Russland
Apogeum 393 km
Perigeum 385 km
Bunnschréi 51.6°
Mass 124.340 kg
Bunn-Ëmlafzäit 89,1 min
Bewunnbart Volumen: 350 m³
Zéckgeluechte Streck: 3.638.470.307 km
Start 19. Februar 1986
21:28:23 UTC
Baikonur LC200/39
Startplaz Baikonur
Crew 28 (Lëscht vu Raumfuerer)
Drorakéit
Status vergloust 23. Mäerz 2001
05:50 UTC

Zu hirer Zäit war d'Mir de gréisste kënschtlechen Objet am Äerdorbit a gëllt, mam Sputnik-Satellit vun 1957 an dem Juri Gagarin sengem éischte Fluch vun 1961, als gréissten Erfolleg vun der sowjetescher Raumfaart.

Opbau a Konstruktioun änneren

 
De Modüll Kwant 2

D'Mir war déi éischt op e stänneg a wëssenschaftleche Betrib ausgeluecht Raumstatioun. D'Sowjetunioun hat an den 1970er a fréien 1980er Joren en ettlech Statioune vum Typ Saljut bedriwwen, déi militäresch a wëssenschaftlech Ziler haten a bis zu véier Joer laang benotzt goufen. Wéi dës war d'Mir modular opgebaut a gouf aus verschiddenen noenee gestarten Deeler am Laf vun zéng Joer am All zesummegebaut. Bei den Haaptmodüll goufe sechs weider Modülle gesat. All d'Modüller goufe vum kasachesche Baikonur aus mat Proton-Rakéite gestart, bis op den Undockmodüll fir de Space Shuttle. Dee koum mat der US-amerikanescher Fähr „Atlantis” vum Kennedy Space Center aus an den Orbit.

Laangzäitmissioune mat bemannte Raumstatiounen hu fir d'Sowjetunioun als Mëttel gollt, fir sech, no der verluerener Course fir op de Mound ze kommen, international Unerkennung ze verschafen. Och an där Hisiicht gounge se mat der Mir – fir sowjetesch Verhältnesser – nei Weeër. Kuerz nom Start vum Basismodüll gouf deen ëffentlech bekannt gemaach. Iwwer Detailer vun der neier Statioun gouf, och géigeniwwer der westlecher Press, bereetwëlleg Bericht gemaach. De Start vun der éischter Besatzung gouf souguer am Virfeld ugekënnegt – déi éischt Kéier bei einem Fluch ouni international Bedeelegung. D'USA hate mat de Skylabmissiounen nëmmen een eenzege Projet fir eng Raumstatioun an hirem Programm.

Jorelaang war d'Mir den eenzege permanente Virposte vun der Mënschheet am Weltraum. Nieft ville wëssenschaftlechen Experimenter goufen do virun allem Erfarungen iwwer de Laangzäitopenthalt am Weltraum gesammelt. Eenzel Kosmonaute ware méi wéi ee Joer an der Statioun.

De modularen Opbau vun der Mir gouf bei der spéider gebauter Internationaler Raumstatioun (ISS) iwwerholl. Hire Modüll Swesda ass eng modifizéiert Versioun vum Mir-Basisblock.

 
De Basismodüll

De Basismodul änneren

 
Den Opbau vum Basismodul

De Basisblock vun der Mir gouf den 19. Februar 1986 um 27. Parteidag vun der KPdSU an de Raum gestart. Hien hat sechs Kopplungsstutze fir Transportraumschëffer an Ausbaumodüllen – d'Virgänger haten nëmmen zwéi Stutzen. D'Mir war vun vireran als längerfristegen a gréissere Projet ugeluecht. Véier vun dëse Stutzen ware fir d'Undocke vu weidere Modüllen, déi béid axial Uschlëss goufe fir bemannt Sojus-Raumschëffer an onbemannt Progress-Raumschëffer gebraucht. Mat hinne goufen d'Kosmonauten op d'Mir bruecht an d'Statioun mat Liewensmëttelen, Waasser, Dreifstoff a Material versuergt. E stänneg ugedockt Sojus-Raumschëff war als „Rettungsboot” geduecht, fir am Noutfall d'Statioun kënnen ze verloossen an op d'Äerd zeréckzefléien. Aus Sécherheetsgrënn hat d'Crew d'Sojus-Raumschëff och wärend dem Undocke vun engem anere Raumschëff missen benotzen. D'Kapazitéit vun héchstens dräi Kosmonaute jee Raumschëff hat d'Zuel vun der Besatzung op der Statioun begrenzt.

 
Trainingseenheet vum Basismodüll, Bannenusiicht

Am Basismodüll war de Wunn- an Openthaltsberäich vun der Crew an och d'hygienesch Ariichtunge fir d'Crew an déi technesch Ariichtunge fir Steierung, Lagkontroll a Kommunikatioun. Seng Startmass war 20,4 Tonne bei enger Gréisst vun 13,30 Meter an engem Duerchmiesser vu 4,20 Meter. D'Energieversuergung gouf mat Solarmodülle gemaach. Iwwer fräi Kopplungsadapter war et méiglech, d'Statioun fir Baussenasätz ze verloossen. D'Stammcrew bestoung aus zwéi oder dräi Kosmonauten. Si goufen zäitweis duerch eng dräikäppeg Gaaschtmannschaft ergänzt. Vun der Saljut 7, der leschter Statioun vum Virgängertyp, goufen am Kader vun der Missioun Sojus T-15 Deeler vun der Ausrëschtung iwwerholl. Domat ware fir fënnef Joer gläichzäiteg zwou sowjetesch Raumstatiounen am Orbit, vun deenen – bis op e puer Wochen – nëmmen d'Mir benotzt gouf.

De Wëssenschaftsmodüll Kwant änneren

 
De Modüll Kwant

Haaptartikel: Kwant

De Modüll Kwant gouf den 31. Mäerz 1987 gestart, an hat no klenge Schwieregkeeten den 9. Abrëll un d'Statioun ugedockt a war domat den éischte Modüll fir d'Vergréisserung vun der Raumstatioun. Am Géigesaz zu de follgende Modüllen hat de Kwant net um Kopplungsknuet ugedockt, mä direkt un der definitiver Positioun an der Längsachs um Heck vum Basismodüll. Een Dag méi spéit hunn d'Kosmonauten den neie Modüll a Betrib geholl. De Kwant hat haaptsächlech fir wëssenschaftlech Aarbechte gedéngt, wéi z. B. astrophysikalesch Ënnersich. Well en eng vun de béiden axialen Undockplaze besat hat, hat de Kwant séngersäits e weideren Undockpunkt fir Sojus- oder Progress-Raumschëffer souwéi déi entspriechend Pompelen a Leitungen, fir ugeliwwerten Dreifstoff an de Basismodüll weiderzeleeden. D'Startmass war eelef Tonnen, d'Längt 5,30 Meter an den Duerchmiesser 4,35 Meter. 1992 gouf e Solarseegel vum Modüll Kristall un de Kwant montéiert, bis 1995 eng komplett nei Solaranlag installéiert gouf.

De Wëssenschaftsmodüll Kwant 2 änneren

Haaptartikel: Kwant 2

De Modüll Kwant 2 gouf de 26. November 1989 gestart an zéng Deeg drop säitlech mam Kopplungsmodüll vum Basisblock verbonnen. E war fir d'optesch Observatioun vun der Äerd a fir biotechnologesch Experimenter ausgeluecht. Zousätzlech hat en Ariichtunge fir déi perséinlech Hygien vun de Kosmonauten, Liewenserhalungsariichtungen an eng verbessert Schleis fir erauszeklammen. Weider Solarzellen hunn d'Energieversuergung vergréissert. D'Startmass war 19,6 Tonne bei enger Längt vun 12,20 Meter.

Dat Wëssenschaftsmodüll Kristall (Kwant 3) änneren

 
De Modüll Kristall

Haaptartikel: Kristall

Als drëtte Modüll gouf de Kristall den 31. Mee 1990 gestart an zéng Deeg drop mam Kopplungsknuet vum Basismodüll verbonnen. Kristall war am Weesentleche fir biologesch a materialwëssenschaftlech Experimenter gebaut. Zwéin zousätzlech androgyn Undockstutze ware fir déi geplangt Raumfähr Buran an e geplangten Teleskop virgesinn, goufen awer ni dofir benotzt. De 27. Juni 1995 hat dorun de Space Shuttle „Atlantis” ugedockt. Wéi de Kwant 2 hat och de Kristall zousätzlech Solarzellen. D'Gewiicht an d'Moossen hunn deene vum Kwant 2 geglach. Fir d'Undocke vum Space Shuttle z'erliichteren a Plaz fir de Modüll Spektr ze schafen, gouf et zu engem spéideren Zäitpunkt un en anere Stutzen ëm 90 Grad ëmgesat a mat engem spezielle Shuttle Undockmodüll vergréissert. Ee vun de Solarpanéile gouf 1992 op de Modüll Kwant ugebaut.

De Wëssenschaftsmodüll Spektr änneren

 
De Modüll Spektr

Haaptartikel: Spektr

Den 20. Mee 1995 gouf de Modüll Spektr gestart an 12 Deeg méi spéit op der Plaz vum ëmgesate Modüll Kristall mam Basisblock verbonnen. De Spektr hat Ariichtunge fir d'Erfuerschung vun der Äerdatmosphär, geophysikalescher Prozesser a kosmescher Stralung. Fir d'éischt war och wëssenschaftlech Apparature vun der NASA fir de geplangte Shuttle-Mir-Programm mat u Bord. Mat sengen x-fërmeg ugeluechte véier Solarmodüllen huet sech de Spektr staark vun den anere Modüllen ënnerscheet. D'Startgewiicht vun 20 Tonnen huet den anere Modülle geglach, mat ronn 14 Meter war de Spektr dat längst vun alle sechs Modüllen. Bei engem Accident de 25. Juni 1997 gouf et sou staark beschiedegt, datt et nëmmen nach fir Energieversuergung gebraucht konnt ginn.

Den Undockmodüll fir de Space Shuttle (Shuttle Docking Module) änneren

 
Den Undockmodüll

Haaptartikel: Shuttle Docking Module

Mam US-amerikanesche Space Shuttle Atlantis gouf den 13. November 1995 en Undockmodüll an de Raum bruecht an dräi Deeg spéider mam Modüll Kristall verbonnen. De 4,70 Meter laange Baudeel hat d'Undocken am Verglach zum virdru benotzten Dock vum Buran, méi einfach gemaach. Bei den eelef Shuttle-Mir-Missioune koum de Modüll aachtmol an den Asaz. Eemol gouf direkt un de Kristall ugedockt, zweemol gouf et e Rendez-vous ouni Kopplung.

De Fuerschungsmodüll Priroda änneren

 
Opbau vum Priroda-Modüll
 
De Modüll Priroda

Mam Start vum Modüll Priroda, den 23. Abrëll 1996 an der dräi Deeg spéider gemaacher Kopplung um Basisblock géigeniwwer dem Modüll Kristall, hat den Ausbau vun der Mir seng lescht Stuf erreecht. Den Priroda hat Ariichtunge fir Fuerschung vu Mikrogravitatioun. Mat 12 Meter Längt an 19 Tonne Gewiicht ware seng Gréisste wéi bei de Modüller Kwant 2 a Kristall.

Bei der leschter Ausbaustuf hat d'Mir e Gesamtgewiicht vu ronn 135 Tonnen, eng Spanwäit vun 31 Meter an eng ganz Längt vun 33 Meter.

Benozen änneren

Op der Raumstatioun waren am Ganze 96 Kosmonauten am Asaz. 19 dervu waren zweemol op der Statioun, den Alexander Wiktorenko véiermol an den Anatoli Solowjow fënnefmol. Am längsten u Bord war de russesche Kosmonaut Waleri Poljakow: Hien hat 679 Deeg u Bord vun der Mir geschafft. Vu Januar 1994 bis Mee 1995 hat hie mat 438 Deeg am All en neie Rekord opgestallt. De laangen Zäitraum gouf och als Test fir e méigleche bemannte Marsfluch gewäert – de Fluch op de roude Planéit dauert ongeféier e Joer.

1986 - Déi éischt Mannschaft änneren

Déi éischt Ekipp vun der Expeditioun Sojus T-15 mat de Kosmonaute Leonid Kisim a Wladimir Solowjow war den 13. Mäerz 1986 gestart a war zwéin Deeg méi spéit an der Statioun, fir s'a Betrib ze huelen. Zu den Aufgaben hunn ënner anerem d'Entluede vun de Frachtschëffer Progress 25 a 26 gehéiert, souwéi d'Ausrëschtungen z'installéieren. Speziell war en Ausfluch vu 50 Deeg op d'Raumstatioun Saljut 7, fir déi ze fleegen an en Deel vun der Ausrëschtung fir d'Mir z'iwwerhuelen. Dëst war dee bis elo eenzege Fluch vun enger Crew tëscht zwou Raumstatiounen. No hirer Réckrees op d'Äerd, de 16. Juli 1986 blouf d'Statioun Mir fir méi wéi en halleft Joer onbesat.

1987 bis 1989 änneren

Mat der Missioun Sojus TM-2 an de Kosmonauten Juri Romanenko an Alexander Lawejkin, déi de 5. Februar 1987 Baikonur verlooss haten, hat déi éischt Period vun iwwer zwee Joer ugefaangen, an där d'Statioun mat wiesselnde Mannschafte onënnerbrach besat war. Si war am Abrëll 1989 mat der Missioun Sojus TM-7 zu Enn. An dëse Joren ware mam Syrer Muhammed Achmed Faris, dem Afghan Abdul Ahad Mohmand an dem Fransous Jean-Loup Chrétien déi éischt net-sowjetesch Raumfuerer op der Statioun. D'Statioun war an där Zäit d'Zil vu sechs Missioune wärend där de Modüll Kwant ugeschloss an a Betrib geholl gouf.

1989 bis 1991 änneren

No enger Ënnerbriechung vun iwwer véier Méint – wéinst technesche Problemer mat de Sojus-Raumschëffer – hat mat Sojus TM-8 am September 1989 déi zweet Phas vum Gebrauch ugefaangen, an där hirem Verlaf d'Statioun iwwer ronn zéng Joer ewech – bis August 1999 – permanent besat blouf an ausgebaut gouf. Néng Flich vun US-amerikanesche Space Shuttlelen an 22 Flich mat sowjetesche Sojus-Raumschëffer hu wärend där Zäit ugedockt. An deem Zäitraum war de politeschen Ëmbroch an der Sowjetunioun gefall, deen och zu enger Zäsur beim Betrib vun der Mir gefouert hat.

Déi ugefaangen Zesummenaarbecht mat aneren, och westleche Staate gouf weidergefouert. Am Dezember 1990 war de japanesche Journalist Toyohiro Akiyama op d' Statioun geflunn. Him war 1991 den éisträicheschen Astronaut Franz Viehböck gefollegt.

Déi béid Kosmonaute vun der Missioun Sojus TM-13, Alexander Wolkow an Sergei Krikaljow, koumen als Sowjetbierger op d'Statioun a koumen als russesch Bierger zeréck op d'Äerd. Wärend hirem Openthalt an der Statioun war d'Wal vum Boris Jelzin zum President vun der Russescher Föderatioun, de Putsch zu Moskau an d'Enn vun der UdSSR. Duerch d'Begleetëmstänn hu si hiren Openthalt missen ëmplangen an en halleft Joer verlängeren. De Krikaljow koum eréischt no 311 Deeg de 25. Mäerz 1992 op d'Äerd zeréck.

1992 bis 1999 – D'Mir ënner russescher Leedung änneren

No der politescher Wend an de Staate vun der Sowjetunioun koumen ëmmer méi westlech Raumfuerer op d'Statioun, där hire Betrib awer weider vu Russland gefouert gouf.

1992 koum mam Klaus-Dietrich Flade den éischten däitsche Raumfuerer. No him koumen 1997 de Reinhold Ewald an de Fransous Michel Tognini. 1994 koum den däitschen ESA-Astronaut Ulf Merbold, dee schonn 1983 mat dem Space Shuttle am All war, op d'Mir.

Parallel zum weideren Ausbau vun der Statioun war 1995 den éischten amerikaneschen Astronaut vu Baikonur an engem Sojus-Raumschëff zu der Mir gestart. Am Juni vum gläiche Joer hat déi éischt vun eelef Shuttle-Mir-Missioune ugefaangen. Am Kader vun der Missioun STS-71 hat d'Raumfär Atlantis un déi russesch Raumstatioun ugedockt. Am September hat den däitsche Raumfuerer Thomas Reiter un d'Mir ugedockt a war 179 Deeg u Bord bliwwen. 1996 gouf den Opbau vun der Statioun mam Modüll Priroda beennt. De längsten Openthalt vun engem amerikaneschen Astronaut am Weltraum gouf op der Mir gefeiert: Den John Blaha war am selwechte Joer 118 Deeg op der Statioun.

Déi lescht Joer änneren

Den 20. November 1998war mat Sarja den éischte Modüll vun der Internationaler Raumstatioun gestart ginn. D'NASA-Administratioun hat versicht, déi russesch Regierung dozou ze beweegen, d'Mir séier opzeginn. Ufanks war Russland dogéint, hat awer den 28. August 1999 frop verzicht, déi gelante Crew vun Sojus TM-29 duerch eng nei ze ersetzen. 1999 gouf an Holland de MirCorp gegrënnt, eng Entreprise, déi versicht hat, d'Iwwerliewe vun der Mir iwwer privat Mëttellen ze sécheren.

Mat der Sojus TM-30 war de 4. Abrëll 2000 déi lescht Crew op d'Mir gestart, nodeems si siwe Méint onbenotzt war. Déi duerch de MirCorp finanzéiert Missioun vun de Kosmonaute Sergej Saljotin an Alexander Kaleri hat 72 Deeg gedauert a war de 39. Besuch vun engem bemannte Raumschëff. Si hate Revisiounsaarbechte gemaach fir de weidere Verbleif an der Ëmlafbunn sécherzestellen. Zum Zäitpunkt vun hirer Réckkéier am Juni 2000 hat déi russesch Raumfaart nach gehofft, datt d'Mir duerch westlech Gelder fir weider zwéin Joer ze bedreiwen. D'Hoffnunge waren duerch déi héich Onkäschte verflunn. Den 23. Oktober 2000 koum dat offiziellt Aus. De russesche Virschlag, Deeler vun der Mir zum Aufbau vun der ISS ze gebrauchen, gouf vun US-amerikanescher Säit, verworf.

D'Mir gouf den 23. Mäerz 2001 mat dräi Bremsschib vum leschte Progress-Raumfrachter zum kontrolléierten Neesantrëtt an d'Äerdatmosphär bruecht. Déi net vergloust Deeler vun der Statioun waren um 6:57 Auer am Zilgebitt am Pazifischen Ozean erofgefall. Op de Fidschi-Inselen konnt een d'Feierwierk um Himmel observéieren.

An hirer fofzéngjäreger Geschicht hat déi ufanks nëmme fir siwe Joer ausgeluecht Statioun d'Äerd 86.325-mol op enger Héicht vun 390 Kilometer iwwer der Äerduewerfläch ëmronnt.

Pannen an Accidenter änneren

Technesch Pannen haten zum Enn vun der Liewenszäit Skepsis un der Zouverlässegkeet vun der Statioun opkommen. Duerch déi erfollegräich Léisung vun Tëschefäll konnten awer och Erkenntnesser gesammelt ginn, déi beim Opbau vun der Internationaler Raumstatioun gehollef hunn.

 
Defekt un engem Solarpanel vum Spektr-Modüll no der Kollisioun mat engem Progress-Raumfrachter

De 24. Februar 1997 hat sech e cheemesche Sauerstoffgenerator entzünnt, eng sougenannt Sauerstoffkäerz. Gëfteg Dämp hate sech entwéckelt, deen déi béid russesch an den däitsche Raumfuerer Reinhold Ewald gezwongen haten, Sauerstoffmasken u Bord ze droen. D'Reaktion vun de Mir-Crew haten eng verfréit Réckkéier op d'Äerd verhënnert, an d'Loft konnt wärend engem Dag gerengegt ginn. Zwou Wochen no dësem Virfall war déi primär Sauerstoffversuergung ausgefall. Hei gouf op déi sekundär Sauerstoffversuergung ëmgeschalt ginn. Duerch en Defekt vum Lagekontrollsystem waren nëmmen nach manuell Manöver méiglech.

Den 30. August 1997 war d'Atlantis nees op d'Mir gestart, nodeems et hefteg Kontroverse bei der NASA gouf, ob een d'Shuttle-Mir-Missiounen no enger Panneserie iwwerhaapt nach soll fortféiere soll.

Literatur änneren

  • Hans J. Frank: Rettung der Mir – Die fantastischen autobiographischen Memoiren des Doktor F. Projekte-Verlag, Halle S 2003. ISBN 3-937027-33-5
  • Andreas Schöwe: Mission Space Shuttle – Abenteuer Weltraum in Bild und Text. Bechtermünz-Verlag, Augsburg 1999. ISBN 3-8289-5357-3
  • David M. Harland: The Story of Space Station Mir. Springer-Verlag, Berlin/Heidelberg/New York 2005. ISBN 0-387-23011-4

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Mir – Biller, Videoen oder Audiodateien