Ian Holm

brittesche Schauspiller

Den Ian Holm, gebuer als Ian Holm Cuthbert den 12. September 1931 zu Goodmayes, a gestuerwen den 19. Juni 2020 zu London, war en englesche Film- an Theaterschauspiller.

Ian Holm
Gebuertsnumm Ian Holm Cuthbert
Gebuer 12. September 1931
Gestuerwen 19. Juni 2020
London
Doudesursaach Parkinson-Krankheet
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Royal Academy of Dramatic Art
Aktivitéit Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Schauspiller
Famill
Bestuet mat Penelope Wilton

Zu senge bekanntste Rollen zielen déi vum Hobbit Bilbo an de Filmer The Lord of the Rings: The Fellowship of the Ring, The Lord of the Rings: The Return of the King, The Hobbit: An Unexpected Journey an The Hobbit: The Battle of the Five Armies. Hie war war weider a bedeitende Filmer wéi Alien vum Ridley Scott, Time Bandits vum Terry Gilliam, Robin and Marian vum Richard Lester, Greystoke: The Legend of Tarzan, Lord of the Apes vum Hugh Hudson a Brazil vum Terry Gilliam ze gesinn. Fir seng Roll als Sam Mussabini am Klassiker Chariots of Fire gouf hie fir en Oscar nominéiert.

Hien huet och a villen TV-Filmer an TV-Serie matgespillt sou am Film Alice Through the Looking Glass an an der Miniserie Jesus of Nazareth.

Filmographie änneren

Kino änneren

TV (Auswiel) änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Ian Holm – Biller, Videoen oder Audiodateien