8. Arrondissement vu Paräis
Den 8. Arrondissement ((fr) och nach Arrondissement de l'Élysée) ass ee vun zwanzeg Stadbezierker vu Paräis. En ass wärend der Extensioun vun der Stad a Richtung Westen, an der Mëtt vum 19. Joerhonnert entstanen.
![]() | |
![]() | |
Quartieren |
Champs-Élysées, Faubourg-du-Roule, Madeleine, Europe |
---|---|
Buergermeeschter | Jeanne d'Hauteserre |
Awunner | 35.655 |
Fläch | 3,88 km² |
Postcode | 75008 |
INSEE-Code | 75108 |
Koordinaten | 48°52'27"N, 2°18'40"O |
![]() | |
An dësem Arrondissement konzentréiert sech e groussen Deel vum Geschäftsliewe vu Paräis mat enger deementspriechend héijer Zuel vun Aarbechtsplazen. Mam Sëtz vum franséische Staatspresident, mam Inneministère, enge sëllegen Ambassaden an internationale Medienhaiser ass den 8. Arrondissement de wichtegste politeschen Zentrum vun der Haaptstad.
Geographesch LagÄnneren
Den 8. Arrondissement läit direkt um rietsen Uwänner vun der Seine. E grenzt am Osten un den 9. an den 1. Arrondissement, am Westen un de 16. an am Nordwesten an Norden un de 17. Arrondissement. Op der aner Säit vum Floss läit de 7. Arrondissement.
QuartierenÄnneren
Wéi all Paräisser Arrondissement ass en a véier administrativ Quartieren ënnerdeelt:
- 29. Quartier des Champs-Élysées
- 30. Quartier du Faubourg-du-Roule
- 31. Quartier de la Madeleine
- 32. Quartier de l'Europe
BillerÄnneren
KuckeswäertesÄnneren
Kleng Auswiel:
Um SpaweckÄnneren
Commons: 8. Arrondissement vu Paräis – Biller, Videoen oder Audiodateien |