Nico Schneider

lëtzebuergesche Zoolog

Den Nico Schneider, gebuer den 2. Mäerz 1950 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Professer an Zoolog.

Nico Schneider
Gebuer 2. Mäerz 1950
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch,
Universitéit vu Stroossbuerg
Aktivitéit Zoolog

Den Nico Schneider huet 1974 op der Université Louis-Pasteur vu Stroossbuerg eng « maîtrise de biologie animale » gemaach. No sengem Stage an der Escher Beruffsschoul (deemools nach: École professionnelle de l'État d'Esch-sur-Alzette) an am Lycée Hubert-Clément (LHCE), ass hien nach zwee Joer am LHCE bliwwen. Vun 1979/80 un huet hien « sciences naturelles » am Lycée technique vun Ettelbréck ginn, a vun 1987/88 bis 2009/10 am Escher Jongelycée (LGE). Vun 1986/87 bis 1989/90 war den Nico Schneider zousätzlech « chargé de cours » um Centre universitaire.

Den Nico Schneider ass en international unerkannte Spezialist vun der Fauna an der Eco-Ethologie vun de Psocoptera (Stëbslais), den Hymenoptera an den Cecidozoa (Arthropoden, déi Planzegalle verursaachen).[1] Um populärwëssenschaftleche Gebitt ass hie virun allem bekannt duerch seng Artikelserie „Auf Spurensuche”, déi hien zënter 1997 am Regulus publizéiert an déi am August 2017 als Buch erauskomm ass.[2]

Den Nico Schneider ass e « Collaborateur scientifique » vum naturhistoresche Musée. Hien ass och wëssenschaftleche Mataarbechter vum « Senckenberg Forschungsinstitut und Naturmuseum Frankfurt » (Projekt Zoologische Sukzessions-Untersuchungen in hessischen Naturwaldreservaten).

Den Nico Schneider ass Member vun der Section des sciences vum Institut grand-ducal (membre correspondant 1985, membre effectif 1998). Hien ass Member vun dëse Veräiner: Société royale belge d'entomologie (zënter 1975), Société des naturalistes luxembourgeois (zënter 1981), Société entomologique de France (zënter 1982), Nederlandse entomologische Vereniging (zënter 1990), Naturhistorischer Verein der Rheinlande und Westfalens (zënter 1993), Naturwissenschaftlicher Verein Darmstadt (zënter 2000).

Publikatiounen (Auswiel) änneren

  • Schneider, N., 1976. Sur l'existence en Europe de Dolopteryx domestica Smithers, 1958 (Psocoptera, Psyllipsocidae). Bulletin et annales de la Société royale belge d'entomologie 112, S. 149-153.
  • Schneider, N., 1977. Les Psocoptères du Grand-Duché de Luxembourg: I. Faunistique et écologie des espèces domicoles. Bulletin et annales de la Société royale belge d'entomologie 113, S. 210-222.
  • Schneider, N., 1982. Les Psocoptères du Grand-Duché de Luxembourg: III. Faunistique et écologie des espèces urbaines. Bulletin et annales de la Société royale belge d'entomologie 118, S. 131-144.
  • Schneider, N., 1991. Contribution à la connaissance des Arthropodes rubicoles du Grand-Duché de Luxembourg. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 92, S. 85-119.
  • Schneider, N., 1997. Inventaire général et atlas provisoire des Euménides du Luxembourg (Hymenoptera, Aculeata). Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 98, S. 151-168.
  • Schneider, N. & R. Wahis, 1998. Contribution à la connaissance des vespiformes des carrières du grès de Luxembourg et notes additionnelles sur quelques pompilides (Hymenoptera, Aculeata). Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques N.S. 42(1995-1998), S. 11-37.
  • Schneider, N., 2006. Abeilles et guêpes anthropophiles du Luxembourg (Insecta, Hymenoptera, Aculeata). Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 107, S. 131-146.
  • Livory, A., N. Schneider, X. Lair & P. Sagot, 2010. Mise à jour du catalogue des Eumeninae (Hymenoptera) de la Manche. L'Argiope 67, S. 31-43.
  • Schneider, N., 2010. Psocids (Psocoptera). In: A. Roques et al. (eds), Alien terrestrial arthropods of Europe. BioRisk 4, S. 793–805.
  • Chevin, H., W.N. Ellis & N. Schneider, 2011. Mise à jour du répertoire des hyménoptères symphytes du Luxembourg (Insecta, Hymenoptera, Symphyta). Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 112, S. 109-117.
  • Lambinon, J., N. Schneider & F. Feitz, 2012. Contribution complémentaire à la connaissance des zoocécidies du Luxembourg. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 113, S. 167-187.
  • Schneider, N., S. Zaenker & W.H.O. Dorow, 2012. Staubläuse (Psocodea, 'Psocoptera') aus zoologischen Untersuchungen in Hessen und den angrenzenden Gebieten. Hessische Faunistische Briefe 31 (1-2), S. 1-30.
  • Schneider, N., Y. Barbier, A. Pauly & S. Christian, 2014. Découverte de Sceliphron curvatum (Smith, 1870) en Belgique et au Luxembourg (Insecta, Hymenoptera, Sphecidae). Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 115, S. 235-237.
  • Schneider, N., 2015. L'hyménoptérologie luxembourgeoise. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 116, S. 399-413.
  • Schneider, N., 2017. Auf Spurensuche. 20 Jahre „Auf Spurensuche” im Regulus. Éditions Revue, Luxembourg, 176 S.

Literatur änneren

Referenzen änneren

  1. Massard & Geimer 2015, S. 492 ; Schneider 2015, S. 401, 406-407 ; Meyer 2004, S. 164-165.
  2. Zwank, Ingo, 2017. Was da kreucht und fleucht. Buchvorstellung: „Auf Spurensuche” mit Nico Schneider. Lëtzebuerger Journal 2017-08-17, S. 19.