Haus vun der Natur

Naturschutzzenter a fréiere Bauerenhaff op der Kockelscheier
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Haus vun der Natur op der Kockelscheier. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Haus vun der Natur (Homonymie).

D'Haus vun der Natur, de fréiere Kräizhaff, och nach Schnappshaff[1], ass e Naturschutzzenter op der Kockelscheier, um Terrain vun der Gemeng Réiser.

Haus vun der Natur
D'Haus vun der Natur (Juni 2007)
Typ geographeschen Objet,
Organisatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Réiser
Plaz Kockelscheier
Adress 5, Route de Luxembourg
Koordinaten 49° 33’ 45.11’’ N
      06° 06’ 28.01’’ O
Proprietär Lëtzebuerg
Statut Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter
D'Haus vun der Natur (Juni 2007)

D'Haus an d'Terrainen déi dozou gehéieren, sinn am Besëtz vun der Stad Lëtzebuerg.

D'Haus gouf 1994, no dem Ëmbau an der kompletter Renovéierung vum fréieren Haff der deemoleger A.s.b.l. "D'Haus vun der Natur" (haut natur&ëmwelt) zur Verfügung gestallt.

Zanter dem Juli 2012 gëtt d'Haus, an deem eng Rëtsch Naturschutzorganisatiounen hire Sëtz hunn, vun natur&ëmwelt geréiert.

D'Haus vun der Natur war deen éischten Naturschutzzenter zu Lëtzebuerg.

Historique änneren

Den 29. September 1986 ass d'A.s.b.l. "D'Haus vun der Natur" vun aacht Organisatioune gegrënnt gi fir op dës Manéier hir Aarbechten am Beräich Naturschutz ze koordinéieren. Grënnungsmembere vun dëser Vereenegung waren:

Am Juli 2012 hunn d'Natura, d'Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga an d'Associatioun D'Haus vun der Natur mat natur&ëmwelt fusionéiert a bestinn zanterhier net méi als eegestänneg Veräiner.

No 2000 hu follgend Organisatiounen hire Sëtz an d'Haus vun der Natur verluecht:

D'Gebai änneren

D'Gebai vum fréiere Kräizhaff gouf den 22. Januar 1985 op d'Lëscht vum Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroen.

An de Joren 2014 an 2014 gouf eng nei Extensioun gebaut, déi den 23. September 2014 inauguréiert gouf. Deen Ubau ass no ekologesche Krittäre gebaut ginn: Isoléierung aus Zellulos, Fassad aus regionaler Meläs, réie Bëtong ouni Gipsbotz, Parquet aus Massivholz op Holzënnerbau, wat eng Schapp iwwerflësseg mécht, natierleche Schied duerch eng baussecht Vegetatioun, wouduerch keng Baussejalousien néideg sinn, gäertneresch Gestaltung vum Ronderëm mat regional produzéiert Planzen a Geseems, biologesch Kläranlag asw.[2]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Joseph Mersch, Un Ancien hors normeTony Dutreux, Bulletin des Anciens de l'Athénée n°35 page 57
  2. Cf. ECOlogique 2014/3: 16-17. (PDF)