De Mathias Kraus, gebuer de 7. Mee 1854 zu Berbuerg, gestuerwen den 23. Dezember 1924 an der Weilerbaach, war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter[2] a Libraire, dee sech op d'Distributioun vun auslänneschen Zeitunge spezialiséiert hat. Hie war de Papp vum Paul Kraus, no deem d'Messageries Paul Kraus genannt goufen.

Mathias Kraus
De Mathias Kraus[1]
Gebuer 7. Mee 1854
Gestuerwen 23. Dezember 1924
Aktivitéit Naturalist
Member vun Société des naturalistes luxembourgeois

De Mathias Kraus war en engagéierten Naturalist. Hie war Member vun der Société de botanique vun 1876 bis 1896 a war hire Sekretär vun 1885 bis 1889. Zesumme mat dem Jean-Pierre-Joseph Koltz an dem Mathias Thill huet hien d'Société de botanique um internationale Botanikerkongress zu Paräis[3] vertrueden.

De Mathias Kraus war 1890 ee vun de fënnef Grënner[4] vun der Société des naturalistes luxembourgeois (SNL), där hire Sekretär hie vun 1890 bis 1900 war.

Publikatiounen änneren

 
Die einheimischen Giftpflanzen, 1887
 
Abrëllsblumm an Däiwelsbaart op enger Lithographie[5]
  • Ferrant, V. & M. Kraus, 1894. Lokalnamen der einheimischen Tiere. Bull. Soc. Nat. luxemb. 4: 30-34, 44-47, 57-60, 77-81, 87-94, 119-123.
  • Kraus, M., 1887. Der falsche Mehlthau (Peronospora viticola de Bary) und die Wurzelfäule der Reben. 38 S. Verlag von J. Erpelding, Luxemburg.
  • Kraus, M., 1887. Die einheimischen Giftpflanzen / mit naturgetreuen Abbildungen auf 21 colorirten Tafeln aus der litographischen [sic] Anstalt von J. F. Schreiber in Esslingen. 104 S. Verlag von J. Erpelding, Luxemburg.
  • Kraus, M., 1889. Beitrag zum Kapitel über Insekten-Schäden in unserm Lande. 52 S. St. Paulus-Gesellschaft, Luxemburg.
  • Kraus, M., 1891. Systematische Einteilung des Tierreiches, speziell der Arthropoden. Bull. Soc. Nat. luxemb. 1: 20-25.
  • Kraus, M., 1891. Ueber die vorjährigen Getreideverwüstungen. Bull. Soc. Nat. luxemb. 1: 41-43.
  • Kraus, M., 1891. Die Pferdelausfliege (Hippobosco equina L.). Bull. Soc. Nat. luxemb. 1: 65-65.
  • Kraus, M., 1891. Les chrysomélides de l'Europe Centrale: d'après Redtenbacher & Gutfleisch. 113 p. Bruxelles: Monnom.
  • Kraus, M., 1892-1893. Die kleinen Feinde des Weinstockes (Fortsetzung I.). Bull. Soc. Nat. luxemb. 2 (11-13, 29-32, 44-47, 57-61, 76-78), 3 (8-10, 30-31, 41-44, 56-60, 67-73, 86-94).
  • Kraus, M., zirka 1909. Illustrierter Führer durch Stadt und Land Luxemburg. 93 S. M. Kraus, C. Beffort, Luxemburg.
  • Kraus, M., 1913. Illustrierter Führer durch die Stadt Luxemburg. 48 S. M. Kraus, St. Paulus-Dr., Luxemburg.
  • Kraus, M., 1916. Die Pilze, ein Volksnährungsmittel. 8 S. St. Paulus-Dr., Luxemburg.

Literatur änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Quell vum Bild: Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 91: 193.
  2. 1890 war de Mathias Kraus Schoulmeeschter am Stater Prisong.
  3. Congrès international de botanique à Paris, 20.-25. August 1889.
  4. D'Grënnungsmembere vun der SNL waren: Victor Ferrant, Mathias Kraus, Nic. Leonardy, Hubert Müllenberger a Jean Petermann.
  5. Dës Lithographie vum Jakob Ferdinand Schreiber steet nieft der Säit 10 am Buch "Die einheimischen Giftpflanzen" vun 1887.
  6. Dës Aarbecht ass d'Haaptquell vun dësem Artikel. Weider Quelle sinn d'Site vun der SNL a vun der Nationalbibliothéik.