Laurent Schley

lëtzebuergeschen Zoolog

De Laurent Schley, gebuer den 8. Juni 1973 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Zoolog.

Laurent Schley
Gebuer 8. Juni 1973
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit vu Keele,
Stater Kolléisch,
Universitéit vu Kent,
Universitéit vu Sussex,
Universitéit vu Keele
Aktivitéit Zoolog
Member vun European Mammal Foundation, Société des naturalistes luxembourgeois, Deutsche Gesellschaft für Säugetierkunde, Association des biologistes luxembourgeois
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Laurent Schley huet säi Premièresexamen 1992 am Athenäum gemaach. Duerno huet hie Biologie a Biochimie op der Keele University (B.Sc. 1995) an Naturschutzbiologie op der University of Kent (M.Sc. 1996) studéiert. Op der University of Sussex (Brighton) huet hie säin Doktorat am Beräich vun der Wëldbiologie gemaach (1997-2001).

1997 huet de Laurent Schley « Conservation Assistant » am Surrey Wildlife Trust vu Pirbright geschafft. Vun Dezember 1999 bis Mee 2000 war hie bei der Fondatioun Hëllef fir d'Natur an am Juni 2000 krut hien eng Plaz am Service de la conservation de la nature vun der Forstverwaltung, déi an der Tëschenzäit Naturverwaltung (Administration de la nature et des forêts) heescht, a war bis 2010 am Naturschutz aktiv. Vun 2010 bis 2012 war hien zoustänneg fir de Beräich vun der Juegd. Zanter dem 1. Januar 2013 ass de Laurent Schley «Directeur adjoint» vun der Naturverwaltung.

Dem Laurent Schley seng Recherche konzentréiert sech speziell op d'Mamendéieren an d'Amphibien. Hien ass den Auteur vun enger ganzer Rei vun zoologeschen Artikelen an ass zanter 1997 wëssenschaftleche Mataarbechter vum Nationalmusée fir Naturgeschicht.

Zanter 1984 ass hie Member vun der Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga, déi haut natur&ëmwelt heescht a zanter 1998 vun der Société des naturalistes luxembourgeois (SNL) (Komiteesmember zanter 2000 a Member vum Redaktiounskomitee vum SNL-Bulletin). Zanter 2001 ass hien och Member vun der Deutsche Gesellschaft für Säugetierkunde, an zanter 2006 vun der Association des Biologistes Luxembourgeois (ABiol).

Zanter 2017 ass de Laurent Schley Member vun der Large Carnivore Initiative for Europe.

2018 huet de Laurent Schley zesumme mam Jan Herr d'Buch « Säugetiere Luxemburgs » rausbruecht, an 2019 déi franséisch Versioun « Les mammifères du Luxembourg », wat dem verstuerwene grénge Politiker Camille Gira dedicacéiert ass.

Zesumme mam Anthony Mitchell-Jones, dem Johan Thissen an der Svetlana Miteva huet de Laurent Schley 2018 eng europäesch Fondatioun (European Mammal Foundation) gegrënnt, déi sech fir d'Kartographie an de Schutz vun de Mamendéieren asetzt. Hien ass Sekretär vun där Fondatioun a Member vum « Steering Group » vum Projet « European Mammals on Maps 2 ».

De Laurent Schley ass den Initiator vun der Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker (AHA Lëtzebuerg a.s.b.l.), déi am Joer 2010 gegrënnt gouf an déi hie bis den 10. Mee 2019 presidéiert huet. Hien ass zanterhier Éierepresident.

Publikatiounen (Auswiel)Änneren

BicherÄnneren

  • Schley, L. & J. Herr, 2019. Les mammifères du Luxembourg. Natur&ëmwelt, Ministère de l'Environnement, du Climat et du Développement durable & Administration de la nature et des forêts, Luxembourg, 224 p.
  • Schley, L. & J. Herr, 2018. Säugetiere Luxemburgs. Natur&ëmwelt, Ministère du Développement durable et des Infrastructures & Administration de la nature et des forêts, Luxembourg, 220 p.

MamendéierenÄnneren

  • Servat, A., J. Herr, E. Picard-Meyer, L. Schley, C. Harbusch, C. Michaux, J. Pir, E. Robardet, E. Engel & F. Cliquet, 2015. First isolation of a rabid bat infected with European bat lyssavirus in Luxembourg. Zoonoses and Public Health 62, S. 7-10.
  • Pir, J.B. & L. Schley, 2015. Développement des connaissances sur la répartition et l'écologie des mammifères au Luxembourg entre 1990 et 2015. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 116, S. 437-455.
  • Dewas, M., J. Herr, L. Schley, C. Angst, B. Manet, P. Landry & M. Catusse, 2012. Recovery and status of native and introduced beavers Castor fiber and Castor canadensis in France and neighbouring countries. Mammal Review 42, S. 144-165.
  • Herr, J., L. Schley, E. Engel & T.J. Roper, 2010. Den preferences and denning behaviour in urban stone martens (Martes foina). Mammalian Biology 75, S. 138-145.
  • Frantz, A.C., S. Cellina, A. Krier, L. Schley & T. Burke, 2009. Using spatial Bayesian methods to determine the genetic structure of a continuously distributed population: clusters or isolation-by-distance? Journal of Applied Ecology 46, S. 493-505.
  • Herr, J., L. Schley & T.J. Roper, 2009. Socio-spatial organisation of urban stone martens. Journal of Zoology 277, S. 54-62.
  • Herr, J., L. Schley & T.J. Roper, 2009. Stone martens (Martes foina) and cars: investigation of a common human-wildlife conflict. European Journal of Wildlife Research 55: 471-477.
  • Herr, J. & L. Schley. 2009. Barbed wire hair traps as a tool for remotely collecting hair samples from beavers (Castor sp.). Lutra 52, S. 123-127.
  • Schley, L., M. Dufrêne, A. Krier & A.C. Frantz, 2008. Patterns of crop damage by wild boar (Sus scrofa) in Luxembourg over a 10-year period. European Journal of Wildlife Research 54, S. 589-599.
  • Scheppers, T.L.J., A.C. Frantz, M. Schaul, E. Engel, P. Breyne, L. Schley & T.J. Roper, 2007. Estimating social group size of Eurasian badgers by genotyping remotely plucked single hairs. Wildlife Biology 13, S. 195-207.
  • Frantz, A.C., J. Tigel Pourtois, M. Heuertz, L. Schley, M.C. Flamand, A. Krier, S. Bertouille, F. Chaumont & T. Burke, 2006. Genetic structure and assignment tests demonstrate illegal translocation of red deer (Cervus elaphus) into a continuous population. Molecular Ecology 15, S. 3191-3203.
  • Schley, L., 2006. Suite à la mort de l’ours ”Bruno“ en juin 2006: Réflexions sur l’homme et les grands prédateurs. Nature Ethique 200, S. 20-21.
  • Frantz, A.C., P. Cyriacks & L. Schley, 2005. Spatial behaviour of a female raccoon (Procyon lotor) at the edge of the species’ European distribution range. European Journal of Wildlife Research 51, S. 126-130.
  • Schley, L., M. Schaul & T.J. Roper, 2004. Distribution and population density of badgers Meles meles in Luxembourg. Mammal Review 34, S. 233-240.
  • Frantz, A.C., M. Schaul, L.C. Pope, F. Fack, L. Schley, C.P. Muller & T.J. Roper, 2004. Estimating population size by genotyping remotely plucked hair: the Eurasian badger. Journal of Applied Ecology 41, S. 985-995.
  • Schley, L. & M. Leytem, 2004. Extensive Beweidung mit Rindern im Naturschutz: eine kurze Literaturauswertung hinsichtlich der Einflüsse auf die Biodiversität. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 105, S. 65-85.
  • Schley, L. & T.J. Roper, 2003. Diet of Wild Boar Sus scrofa in Western Europe, with particular reference to consumption of agricultural crops. Mammal Review 33, S. 43-56.
  • Schley, L., C. Schanck, M. Schaul & C. Sinner, 2001. Neubürger und Heimkehrer unter den Wildtieren Luxemburgs. Beiträge zur Jagd- und Wildforschung 26, S. 141-154.

AmphibienÄnneren

  • Wood, L.R., R.A. Griffiths & L. Schley, 2009. Amphibian chytridiomycosis in Luxembourg. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 110, S. 109-114.
  • Kraaijeveld-Smit, F.J.L., T.J.C. Beebee, R.A. Griffiths, R.D. Moore & L. Schley, 2005. Low gene flow but high genetic diversity in the threatened Mallorcan midwife toad Alytes muletensis. Molecular Ecology 14, S. 3307-3315.
  • Griffiths, R.A., L. Schley, P.E. Sharp, J.L. Dennis & A. Román, 1998. Behavioural responses of Mallorcan midwife toad tadpoles to natural and unnatural snake predators. Animal Behaviour 55, S. 207-214.
  • Schley, L., R.A. Griffiths & A. Román, 1998. Activity patterns and microhabitat selection of Mallorcan midwife toad (Alytes muletensis) tadpoles in natural torrent pools. Amphibia-Reptilia 19, S. 143-151.
  • Schley, L. & R.A. Griffiths, 1998. Midwife toads (Alytes muletensis) avoid chemical cues from snakes (Natrix maura). Journal of Herpetology 32, S. 572-574.

LiteraturÄnneren