François Reisen

lëtzebuergesche Botaniker a Zoolog

De François (Franz) Reisen, gebuer de 26. Januar 1858 zu Wuelessen a gestuerwen de 14. Januar 1928 zu Nojem, war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter, Botaniker an Zoolog.

François Reisen
Gebuer 26. Januar 1858
Wuelessen
Gestuerwen 14. Januar 1928
Nojem
Aktivitéit Schrëftsteller, Enseignant
Member vun Société des naturalistes luxembourgeois

De Franz Reisen huet vun 1875 bis 1878 an der Normalschoul studéiert. Hie war Schoulmeeschter zu Rouderssen (1878-1883), Wuelessen (1883-1901) an zu Nojem (1901-1917).

1885 ass de Franz Reisen Member vun der Société de botanique ginn. Säin Herbarium vun de Faren aus dem Éislek, huet d'Material fir dem Léon de la Fontaine säin Artikel “Notice sur les Fougères de la flore luxembourgeoise” (1886) geliwwert. De Reisen war och als Bryolog bekannt an hat donieft eng Sammlung vu Flechten a vu Planzeseem ugeluecht.

1892 ass de Reisen an d'“Fauna” opgeholl ginn, an där hirem Bulletin hien dräi Artikele publizéiert huet, nieft enger klenger Notiz, déi mat dem Pseudonym “Apis” signéiert ass an och vun him soll sinn.

Besonnesch aktiv war de Reisen als Mataarbechter vun der Zeitung “Der Landwirth”, fir déi hien iwwer 150 populär-wëssenschaftlech Artikele geschriwwen huet.

Gielchen änneren

Literatur änneren

  • Massard, J.A., 2014. Der Dorfschullehrer François Reisen (1858-1928), Mitglied der « Fauna » und der « Société botanique », Mitarbeiter der Zeitung « Der Landwirth ». Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 115, S. 79-94. [1]
  1. Memorial A n° 8 vun 1920 mat enger Lëscht vu Leit déi an deem Joer am ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen Archivéiert op 2016-03-03. Gekuckt de(n) 2014-12-18.