Regulus (Zäitschrëften)
Regulus ass den Numm vun zwou Publikatiounsserien, déi vun natur&ëmwelt a.s.b.l. publizéiert ginn.


Et sinn dat:[1]
- regulus zäitschrëft fir natur & ëmwelt[2]
- Regulus Wissenschaftliche Berichte
Den Numm ass ofgeleet vu Regulus regulus, dem wëssenschatflechen Numm vum Dommendéck (de: Wintergoldhähnchen). Dëse Vugel a säin noe Verwandten, de Feierkäppchen (Regulus ignicapillus, de: Sommergoldhähnchen) sinn déi klengst Vigel, déi et zu Lëtzebuerg gëtt.
regulus zäitschrëft fir natur & ëmweltÄnneren
D'Zäitschrëft, déi véiermol am Joer erauskënnt an un all Membere vun natur&ëmwelt verschéckt gëtt, adresséiert sech un en allgemeng interesséierte Public. D'Ausgaben enthalen
- - en Editorial an Artikelen iwwer d'allgemeng Naturschutzproblematik, zu Lëtzebuerg an och am Allgemengen;
- - Interessantes iwwer d'Déieren (virun allem d'Vigel) an d'Planzen, haaptsächlech vu Lëtzebuerg;
- - Rapporten iwwer d'Aktivitéite vun natur&ëmwelt, vun hiren Aarbechtsgruppen, an och vun der Stëftung Hëllef fir d'Natur.
Déi meescht Artikele sinn op Däitsch, e klengen Deel op Lëtzebuergesch oder Franséisch geschriwwen.
D'Publikatioun (ISSN 1727-2122), mat enger Oplo (2008) vu 14.500 Exemplairen), gëtt duerch Reklammen an eng Ënnerstëtzung vum lëtzebuergesche Kulturministère finanzéiert.
E puermol am Joer verschéckt natur&ëmwelt “Infoblieder”, déi aus jee 4 Säite bestinn an déi dee selwechten Numm an Ënnertitel droen. Déi zwou Ausgaben - Zäitschrëft an Infoblieder - sinn am Laf vu jiddwer Joer zesummen duerchgehend numeréiert.
Zousätzlech gëtt natur&ëmwelt all Joer e Joresbericht mam Resumé vun hiren Aktivitéiten eraus, deen och ënner dem Titel regulus erauskënnt (z. B. regulus Jahresbericht 2015).
Zanter September 2010 (Nr. 6 2010) kënnt de regulus mam Logo vun natur&ëmwelt op der Titelsäit eraus. Virdrun hat de regulus den Ënnertitel Zäitschrëft vun der Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga.
Der TNS-ILRES Plurimedia Etude 2017.I no gouf tëscht Februar 2016 a Februar 2017 (mat Ausnam vun der Summervakanz) an der Moyenne all Editioun vum Regulus vun 24.000 Leit iwwer 15 Joer gelies (5,0 % vun der Wunnbevëlkerung).[3]
Regulus Wissenschaftliche BerichteÄnneren
Wéi Titel an Ënnertitel et soen, verëffentlecht dës Zäitschrëft zanter 1951[4] wëssenschaftlech Fuerschungsberichter iwwer d'Vigel, virun allem vu Lëtzebuerg. D'Zäitschrëft kënnt onreegelméisseg eraus a gëtt finanziell vum Naturmusée ënnerstëtzt. D'Ausgabe sinn duerchgehend numeréiert.
D'ISSN ass 1727-088X. Oplo vum Numero 30 (2015): 700.
Eenzel Artikelen kënnen als PDF um Internet erofgeluede ginn.[5]
Kuckt ochÄnneren
- Aner naturwëssenschaftlech Zäitschrëften zu Lëtzebuerg:
- Archives des sciences naturelles, physiques et mathématiques (*1906)
- Bembecia (*2007)
- Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois (*1891)
- Ferrantia. Travaux scientifiques du Musée national d'histoire naturelle. (*1980)
- Naturwaldreservate in Luxemburg (*2008)
- Recueil des mémoires et des travaux publiés par la Société de botanique du grand-duché de Luxembourg (1874-1905)
- Regulus / Wissenschaftliche Berichte (*1951)
Um SpaweckÄnneren
Referenzen an NottenÄnneren
- ↑ Béid Zäitschrëfte sinn am Shop vum Haus vun der Natur op der Kockelscheier ze kréien.
- ↑ Dësen Titel gëllt vun der Nr. 6 (2010) un, déi am September 2010 erauskoum. Virdru gouf d'Zäitschrëft ënner dem Titel regulus Die Zeitschrift für Naturschutz und Naturkunde in Luxemburg publizéiert.
- ↑ Pressecommuniqué vun TNS ILRES op paperjam.lu.
- ↑ Cf. http://www.luxnatur.lu/lnv006.htm#Periodika
- ↑ Cf. http://www.luxnatur.lu/lnvlwb.htm