Ernest Feltgen

lëtzebuergeschen Dokter

De Georges Ernest Feltgen, gebuer de 26. Mee 1867 zu Bierschbech (Gemeng Miersch) a gestuerwen de 6. Mäerz 1950 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Dokter.

Ernest Feltgen
Gebuer 26. Mee 1867
Bierschbech
Gestuerwen 6. Mäerz 1950
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Dokter, Zoolog, Botaniker
Member vun Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques vum Institut grand-ducal, Société des naturalistes luxembourgeois
Famill
Papp Jean Feltgen

Nodeem den Ernest Feltgen 1893 säin Doktorat an der Medezin bestanen hat, huet hie sech provisoresch zu Miersch, an duerno 1894 an der Stad etabléiert. Vun 1907 bis 1917 war hien « médecin directeur » vum Thermalbad vu Munneref. Duerno huet hien zu Lëntgen respektiv an der Stad Consultatioune ginn. Vum Hierscht 1922 bis de Mee 1925 war den E. Feltgen Prisongsdokter. Duerno huet hien d'Land fir e puer Joer verlooss an huet bis 1931 zu Bréissel gelieft, ier hie sech erëm an der Stad niddergelooss huet.

Zesumme mam Edmond Joseph Klein an dem Théodore Witry war den Dr. Feltgen ee vun den Initiateure vun der Grënnung, am Joer 1904, vun der « Société d'Hygiène sociale et scolaire » (Verein für Volks- und Schulhygiene). Am Joer 1908 war hie Grënnungsmember vun der « Ligue luxembourgeoise contre la tuberculose », déi hie vun 1908 bis 1917 a vun 1936 bis 1940, an nom Krich bis 1949 presidéiert huet.

Nieft den hygienesche Froen huet den E. Feltgen sech mat Botanik an Zoologie beschäftegt. Hie war Member vun der Société des naturalistes luxembourgeois (SNL) a laang Jore President respektiv Vizepresident vun deem Veräin.

Den E. Feltgen war Member vun der Section des sciences vum Institut grand-ducal, vun 1908 bis zu senger Demissioun am Dezember 1917; 1934 ass hien nees opgeholl ginn. Vun 1945 bis zu sengem Doud war hie Vizepresident vun der Sektioun.

Den Ernest Feltgen war de Fils vum Dokter a Mykolog Jean Feltgen.

Fir un hien z'erënneren, gouf 1952 eng Strooss um Lampertsbierg no him genannt (Boulevard Dr Ernest Feltgen).

Publikatiounen (Auswiel) änneren

  • Feltgen, E., 1902. Mersch sowie nächste und weitere Umgebung zum Gebrauch für Naturfreunde, unter besonderer Berücksichtigung der lokalen Pflanzen- u. Thierwelt. Luxemburg, P. Worré-Mertens, 1902, 260 S. (Bull. Soc. Nat. luxemb., 11 (1901), S. 61-70, 90-110, 127-157, 184-213, 246-277, 286-299, 342-372, 392-415 (Berichtigung: 437), 447-474 [Berichtigung: 12 (1902), 48], 497-515; Bull. Soc. Nat. luxemb., 12 (1902), Beilage: S. 1-15).
  • Feltgen, E. & G. Traus, 1902. Leitfaden der Schul-Hygiene. Luxemburg, P. Worré-Mertens, 140 S.
  • Feltgen, E., 1902. Vademecum des Luxemburger Fischerei-Liebhabers. Luxemburg, P. Worré-Mertens, 148 S.
  • Feltgen, E., 1903. Führer durch das Eischthal - zum Gebrauch für Ausflügler im Luxemburger Land. Luxemburg, P. Worré-Merten, 124 p.
  • Feltgen, E., 1903. Die einheimischen Heilpflanzen, medizinisch-pharmazeutische Flora des Luxemburger Landes. Mit verschiedenen Zeichnungen von Dr. Edm. J. Klein und A. van Werveke. Luxemburg, P. Worré-Mertens, 251 S.
  • Feltgen, E., 1906. Die Vogelwelt des luxemburger Stadtparks. Bull. Soc. Nat. luxemb. 16, S. 252-259.
  • Feltgen, E., 1907. Landhygiene. Ein Beitrag zur Hygiene der ackerbautreibenden Bevölkerung. Luxemburg, Buchdruckerei Joseph Beffort, 176 S.
  • Feltgen, E., 1908. Bad Mondorf (Großh. Luxemburg). Ein naturwissenschaftlicher-medizinischer Führer. Bull. Soc. Nat. luxemb. 18, S. 1-19, 76-88, 123-136, 154-172.
  • Feltgen, E., 1925. Führer durch das Eischtal (Kurze Naturgechichte der Eischgegend). Luxembourg, G. Soupert, 99 S.
  • Feltgen, E., 1940. Simmerfarm: der Mensch und die Pflanzen. P. Worré-Mertens, Luxemburg, 71 S.
  • Feltgen, E., 1949. Victor Ferrant, 1856 - 1942. Société des Amis des Musées. Annuaire 1949. Luxembourg, V. Buck, S. 61-68.

Quell änneren