Claude Meisch (Biolog)
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Biolog Claude Meisch. Fir de Politiker, kuckt wgl. Claude Meisch (Politiker). |
De Claude Meisch, gebuer den 13. August 1949 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Biolog.
Claude Meisch | |
---|---|
Gebuer |
13. August 1949 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun |
Stater Kolléisch, Universitéit vu Stroossbuerg |
Aktivitéit | Biolog, Zoolog, Enseignant |
Member vun | Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques vum Institut grand-ducal |
Hien ass den Auteur vun enger ganzer Rei vu wëssenschaftleche Publikatiounen am Beräich vun der Zoologie, haaptsächlech iwwer Muschelkriibsen (Ostrakoden, wëssenschaftlech Ostracoda).
De Claude Meisch ass wëssenschaftleche Mataarbechter vum Naturmusée a vum Institut royal des sciences naturelles de Belgique. Hien ass Membre effectif vum Institut grand-ducal, section des sciences.
Vun 1985 bis 2003 war hie President a vun 2003 un ass hien Éierepresident vun der Société des naturalistes luxembourgeois (SNL). Zanter 1985 ass hien éischte Redakter fir d'Publikatioun vum Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois.[1]
Vum 26. Februar 2013 bis den 28. Februar 2015 war de Claude Meisch President an duerno bis haut Vize-President vun der Stëftung Hëllef fir d'Natur vun natur&ëmwelt.[2],[3],[4][5]
De Claude Meisch war vun 1980 bis zu senger Pensionéierung am Joer 2010 Professer am Stater Kolléisch.
Publikatiounen (Auswiel)Änneren
- 2019 Meisch, C., R.J. Smith & K. Martens. A subjective global checklist of the extant non-marine Ostracoda (Crustacea). - European Journal of Taxonomy 492: 1-135.
- 2007 Meisch, C., N. Mary-Sasal, J.-P. Colin & K. Wouters. Freshwater Ostracoda (Crustacea) collected from the islands of Futuna and Wallis, Pacific Ocean, with a check-list of the non-marine Ostracoda of the Pacific Islands. - Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 108: 89-103.
- 2007 Meisch, C. On the origin of the putative furca of the Ostracoda (Crustacea). - Hydrobiologia 585 (1): 181-200. DOI 10.1007/s10750-007-0637-2.
- 2005 Gerecke, R., F. Stoch, C. Meisch & I. Schrankel. Die Fauna der Quellen und des hyporheischen Interstitials in Luxemburg. Unter besonderer Berücksichtigung der Acari, Ostracoda und Copepoda. - Ferrantia. Travaux scientifiques du Musée national d'histoire naturelle 41: 1-134.
- 2000 Meisch, C. Freshwater Ostracoda of Western and Central Europe. - In J. Schwoerbel and P. Zwick, editors: Suesswasserfauna von Mitteleuropa 8/3. Spektrum Akademischer Verlag, Heidelberg, Berlin. 522 pages. ISBN 3-8274-1001-0.
- 1977 Meisch, C. Faune des Thysanoures du Grand-Duché de Luxembourg. - Archives de l'Institut Grand-Ducal de Luxembourg. Section des Sc. nat., phys. et math., 37 (1974-1976): 103-135.
- 1978 Faber T. & C. Meisch. Bilan provisoire du recensement des populations de chauves-souris au Grand-Duché de Luxembourg. - Bulletin du Centre de baguement et de recherche cheiroptérologique de Belgique, 5: 68-73.
LiteraturÄnneren
- Books LLC (Hrsg.), 2010. Luxemburger: Charly Gaul, Jean-Claude Juncker, Hauptmann von Köpenick, Henri, Ranga Yogeshwar, Jos Massard, Nikolaus Nilles, René Deltgen, etc. Books LLC, VIII, 474 S. [Claude Meisch, S. 61-63].
- Massard, J.A., 1990. La Société des Naturalistes Luxembourgeois du point de vue historique. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 91, S. 5-214 (Claude Meisch, S. 166-167).
- Massard, J.A. & G. Geimer, 2015. Le bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois (SNL) et ses auteurs depuis 1990, une sélection de notices bio-bibliographiques. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 116: 457-504 [Claude Meisch: S. 480-482].
Referenzen an NottenÄnneren
- ↑ Bulletin de la SNL 123, S. 2.
- ↑ Roby Biwer und Claude Meisch neue Präsidenten von natur&ëmwelt. Frantz Charles Muller neuer Ehrenpräsident von natur&ëmwelt.
- ↑ Cf. Tageblatt 2013, Nr. 68 (21. Mäerz), S. 22 (Natur & Ëmwelt: Frantz Charles Muller neuer Ehrenpräsident. Roby Biwer und Claude Meisch neue Präsidenten)
- ↑ Raymond Schmit, 2015. Kongress von "natur&ëmwelt" in Bergem. Luxemburger Wort vum 18. Mäerz 2015, S.25.
- ↑ Websäit vun der Fond. Hëllef fir d'Natur