Natura

lëtzeburegesch Ëmweltschutzorganisatioun

D'Natura, Ligue luxembourgeoise pour la protection de la nature et de l'environnement a.s.b.l., war eng lëtzebuergesch Natur- an Ëmweltschutzvereenegung, déi vun 1971 bis 2012 bestanen huet.

Ligue Luxembourgeoise pour la Protection de la Nature et de l'Environnement (NATURA)[1]
Zweck Natur- an Ëmweltschutz
Grënnungsdatum 1971 (opgeléist 2016)
Memberen 34 (membres effectifs 2012)
Sëtz Haus vun der Natur
President -

D'Organisatioun huet, ënner Form vun enger Liga, 39 Veräiner regruppéiert déi sech fir den Natur- an Ëmweltschutz engagéiert hunn.

Am Juli 2012 huet d'Natura mat der Asbl natur&ëmwelt, déi se matgegrënnt hat, fusionéiert. Gläichzäiteg goufen déi verschidde Veräiner déi der Natura ugehéiert hunn, Partner-Organisatioune vun natur&ëmwelt.

Historique änneren

D'Natura gouf 1971 gegrënnt an hat zanter 1994 hire Sëtz am Haus vun der Natur op der Kockelscheier. 1986 war d'Natura Matgrënner vun der Stëftung Hëllef fir d'Natur.

Am September 2010 huet d'Natura sech mat dräi aner Naturschutzorganisatiounen - der Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga, der Stëftung Hëllef fir d'Natur an der Associatioun D'Haus vun der Natur ënner dem Numm natur&ëmwelt informell zesummegedoe fir vun do un am Beräich Natur- an Ëmweltschutz an der Ëffentlechkeet zesummen aktiv ze sinn.

Nodeem d'Asbl natur&ëmwelt de 7. Februar 2012 offiziell gegrënnt gi war, huet d'Natura den 13. Juli 2012 mat natur&ëmwelt fusionéiert.[2]

Lëscht vun de Veräiner an der Natura änneren

Organisatiounen un deenen d'Natura bedeelegt war änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Sou ënnert der Nummer F1577 am Handelsregëster agedroen.
  2. Fusion zur "natur&ëmwelt a.s.b.l." angenommen. Luxemburger Wort vum 17. Juli 2012, S. 16.