En Naturalist ass eng Persoun, déi sech, sief et als Wëssenschaftler oder als fortgeschrattenen Amateur, mat den Naturwëssenschafte beschäftegt, z. B. der Botanik, Zoologie, oder Mineralogie.

Bekannt Naturaliste sinn z. B. de Carl von Linné (1707-1778), de Jean-Baptiste de Lamarck (1744-1829), den Charles Darwin (1809-1882), den Ernst Mayr (1904-2005), an den Edward O. Wilson (*1928).

De Begrëff Naturalist an deem Sënn gëtt et an der däitscher Sprooch net. Et schwätzt een do vun Naturwëssenschaftler.

D'Naturalisten zu Lëtzebuerg änneren

D'Société des naturalistes luxembourgeois, gekierzt SNL, ass e Veräin, deen zu Lëtzebuerg Naturaliste regruppéiert.

Bekannt lëtzebuergesch Naturaliste waren de Jean-Pierre-Joseph Koltz, de Victor Ferrant, den Edmond Joseph Klein, de Michel Lucius, de Robert Stumper, de Jos Hoffmann, de Léopold Reichling an de Jacques Bintz.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren