Marcel Heuertz

lëtzebuergesche Botaniker

De Marcel Heuertz, gebuer de 26. Juli 1904 zu Iechternach, a gestuerwen de 24. Juni 1981 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Naturfuerscher.

Marcel Heuertz
De Marcel Heuertz mam deemolegen däitschen Ausseminister Willy Brandt, beim Vernissage zu Lëtzebuerg vun der Ausstellung "Exil-Literatur", Januar 1968. Riets de lëtzebuergeschen Diplomat Jean-Pierre Kremer.
Gebuer 26. Juli 1904
Iechternach
Gestuerwen 24. Juni 1981
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Botaniker
Member vun SNL
Famill
Bestuet mat Thérèse Frégnac
Papp Félix Heuertz

No senger Première am Athenäum huet hie fir d'éischt Medezin, dunn Droit, an duerno Naturwëssenschafte studéiert, an deenen en 1932 en Doktorat gemaach huet. Hie war Enseignant am Athenäum, am Stater Jongelycée an um Cours supérieur. Mä säin Haaptinteressi waren d'Naturwëssenschaften an den Naturmusée. Seng pedagogesch Thees war doriwwer, wéi een dem Musée seng Kollektioun besser presentéiere kéint. Hie war, no ettleche Stagen do, Assistant conservateur, duerno Conservateur ff. a schlussendlech Conservateur. 1964 gouf en, bis zu senger Pensioun 1969, Direkter vun de Staatsmuséeën.

Nieft der Moderniséierung vun der Ariichtung, den Aufgaben an der Ausstellung vum Musée huet säin Intressi der Fuerschung gegollt. Dëst war breet gefächert a goung vun archeologeschen an anthropologeschen Theemen iwwer Naturschutz, Fuerschung a Bildung, Zoologie, Geologie, Geophysik a Geomorphologie bis zu der Botanik an der Biomorphologie.

Hie war zanter 1933 Member vun der Société des naturalistes luxembourgeois an tëscht 1955 an 1962 hire President. Hie war och ë. a. zanter 1971 Vizepresident vun der Wëssenschaftlecher Sektioun vum Institut grand-ducal

De Marcel Heuertz war de Fils vum Félix Heuertz, deen och Naturwëssenschaftler war. Hie war mat der Molerin Thérèse Frégnac bestuet an hat 3 Duechteren.

Publikatiounen änneren

  • Documents Préhistoriques du Territoire Luxembourgeois. Le milieu naturel l'homme et son œuvre. Fascicule I; Publications du Musée d'Histoire Naturelle et de la Société des Naturalistes Luxembourgeois; Impr. Coopérative Luxembourgeoise, Esch-Uelzecht, 1969, 292 S.
  • Edmond Joseph Klein; in Biographie nationale, Fascicule XXI, Dezember 1974, S. 82-91 luxemburgensia.bnl.lu

Gielchen änneren

Literatur änneren

  • Reichling, Léopold, 1985. In memoriam Marcel Heuertz 1904-1981. Bull. Soc. Nat. luxemb. 85: 3-6. [1]
  • Reichling, Léopold, 1987. Marcel Heuertz (1904-1981). Archs Inst. g.-d. Luxemb., Sect. Sci. nat. math phys., N.S., 40 (1981-1984): 23-32.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Memorial A N°9 vun 1954 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen