De Jean Petermann, gebuer den 8. September 1853 am Pafendall a gestuerwen de 6. Januar 1923 an der Stad Lëtzebuerg, war en Eisebunner a Päiperleksspezialist.

Jean Petermann
Gebuer 8. September 1853
Pafendall
Gestuerwen 6. Januar 1923
Lëtzebuerg
Aktivitéit Lepidopterolog, Eisebunner

De Jean Petermann huet 1890 d'„Fauna, Verein Luxemburger Naturfreunde“ (Société des naturalistes luxembourgeois) matgegrënnt. Hie war deemools Assistent op der Gare vu Waasserbëlleg; 1903 koum hien als Statiounschef op Giewelsmillen a vun 1908 u bis zu senger Pensioun am Joer 1916 war hie Statiounschef vun der Gare vu Bartreng.

Säi Fils, den Ingenieur Charles Petermann, war den éischten Direkter vum „Service électrique“ a vum elektreschen Tram vun der Stad Lëtzebuerg.

Literatur änneren