Thierry Helminger

lëtzebuergeschen Botaniker

Den Thierry Helminger, gebuer de 6. Oktober 1965 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Diplombiolog a Botaniker.

Thierry Helminger
Gebuer 6. Oktober 1965
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Lycée Michel-Rodange,
Universitéit Saarbrécken
Aktivitéit Botaniker
Famill
Papp Paul Helminger

No der Primärschoul zu London (UK), Versoix (CH) a Jonglënster (LU) koum den Thierry Helminger an de Lycée Michel-Rodange, wou hien 1984 säi Premièresexame gemaach huet. Duerno huet hien am Centre universitaire (1984/85) an op der Universität des Saarlandes (1985-1990) Biologie studéiert.

Vun 1990 bis 1991 huet den Thierry Helminger am Herbarium vum naturhistoresche Musée geschafft. Duerno hat hien eng Bourse Formation-Recherche an huet d'Verbreedung vum Päerdsbier, Gattung Rubus L. subgenus Rubus, zu Lëtzebuerg studéiert. Vun 1993 bis 2000 war hie fir de Fonds d'urbanisation et d'aménagement du plateau de Kirchberg fir d'Uleeë vum Arboretum vum Kierchbierg zoustänneg. Zënter 2001 schafft den T. Helminger am naturhistoresche Musée, fir d'éischt als Responsabel fir den Arboretum vum Kierchbierg an d'Kollektioun vun de liewege Planzen, vun 2017 un fir déi ganz Botanik-Sectioun. Den Thierry Helminger ass donieft de Coordinateur vum Redaktiounskommitee vun der Ferrantia.

Den Thierry Helminger ass zënter 1989 Member vun der Société des naturalistes luxembourgeois (SNL). Hien ass och Member vun der Deutsche Dendrologische Gesellschaft.

Den Thierry Helminger ass de Fils vum Paul Helminger.

Publikatiounen (Auswiel) änneren

  • Becker, H. & T. Helminger, 1992. Aromatic esters from collected plants and in-vitro-cultures of the liverwort Trichocolea tomentella (Ehrh.) Dum. Cryptogamic Botany 3, S. 74-76.
  • Helminger, T., 1992. Liste der in Luxemburg wildwachsenden Brombeeren (Rubus L. subgenus Rubus). Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 93, S. 99-111.
  • Colling, G. & T. Helminger, 1992. Inventaire floristique des vases exondées du barrage de la Haute-Sûre. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 93, S. 83-88.
  • Meyer, M. & T. Helminger, 1994. Untersuchungen zu einer Population von Lycaena helle arduinnae Meyer, 1980 im nordwestlichen Ösling. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 95, S. 315-326.
  • Colling, G., T. Helminger & L. Reichling, 1994. Notes floristiques 1990-1993. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 95, S. 119-134.
  • Latz + Partner & T. Helminger, 1999. Parks und Arboretum auf dem Kirchberg. Fonds d'Urbanisation et d'Aménagement du Plateau de Kirchberg & Latz + Partner. 48 S.
  • Helminger, T., 2000. Luxembourg Kirchberg Arboretum. BGCI News. Botanic Garden Conservation International. Vol. 3, Nr. 5, S. 43-46.
  • Helminger, T., 2004. Les collections végétales vivantes. In: 150 Joer Musée national d'histoire naturelle. Musée national d'histoire naturelle Luxembourg, Luxembourg, S. 180-189.
  • Von den Driesch, M., W. Lobin, T. Helminger, A. Gröger & B. Van den Wollenberg, 2005. The International Plant Exchange Network (IPEN): An instrument of botanic gardens to fulfill the ABS provisions. In: Access and Benefit-Sharing of Genetic Resources (U. Feit, M. Von den Driesch & W. Lobin, eds.). BfN. Skripten 163, S. 35-48.
  • Colling, G., T. Helminger & J. Meisch, 2005. Microclimatic conditions in a sandstone gorge with Hymenophyllum tunbrigense. In: Sandstone Landscapes in Europe, Past, Present and Future. (C. Ries & Y. Krippel, eds). Ferrantia 44, S. 205-207.
  • Helminger, T., 2009. Checklist of the brambles (Rubus L. subgenus Rubus, Rosaceae) of Luxembourg. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 110, S. 53-67.

Literatur änneren

Um Spaweck änneren