Félix Heuertz

lëtzebuergesche Naturwëssenschaftler
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem lëtzebuergesche Professer an Naturwëssenschaftler. Fir de lëtzebuergesche Liichtathleet, kuckt wgl. Felix Heuertz.

De Félix Heuertz, gebuer den 11. Januar 1877[1] zu Klengbetten a gestuerwen den 3. September 1947 zu Stroossen, war e lëtzebuergesche Professer an Naturwëssenschaftler.[2]

Félix Heuertz
Gebuer 11. Januar 1877
Klengbetten
Gestuerwen 3. September 1947
Stroossen
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Lycéesprofesser, Botaniker
Famill
Kanner Marcel Heuertz

Seng berufflech Etappe waren déi heiten: Stage zu Dikrech an zu Lëtzebuerg; Staatsexamen am Joer 1900; duerno Repetent an da Professer zu Iechternach (1900-1911), a vu September 1911 un an dem Athenäum an der Stad (mat donieft och nach Coursen am Meedercheslycée). Hie gouf den 1. November 1940 pensionéiert.

De Félix Heuertz war ganz aktiv an der Société des naturalistes luxembourgeois: Sekretär vun 1912 bis 1918 a vun 1928 bis 1937, President vun 1938 bis 1945. Hie war Member vun der wëssenschaftlecher Sektioun vum Institut grand-ducal. Staark syndikalistesch engagéiert, war hie President vun der Association des Professeurs vun 1918 bis 1924.

De Félix Heuertz huet eng ganz Rei vu wëssenschaftleche Publikatiounen opzeweisen. Hien ass de Papp vum Marcel Heuertz.

Gielercher änneren

Referenzen änneren

  1. J.A. Massard, 2019: La vraie date de naissance du professeur Félix Heuertz.
  2. J.A. Massard, 1990: La Société des Naturalistes Luxembourgeois du point de vue historique. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 91 (1990), S. 161. [1]
    C. Lang, 1967. Le personnel de l'enseignement secondaire et supérieur du Grand-Duché de Luxembourg, 1839-1922. Travail statistique de Félix Heuertz (1922), complété par Charles Lang (1967). Publications du Ministère de l'Éducation nationale, Luxembourg, S. 43.
    Massard, J. A. & G. Geimer, 1992. Les professeurs de sciences et leur oeuvre. In: Festschrëft 150 Joër Iechternacher Kolléisch (1841-1991). Luxembourg, Impr. St Paul, S. 473-474.
    Massard, J.A., 2015. La Société des naturalistes luxembourgeois de 1890 à 2015. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 116, S. 111-115.
  3. Memorial A N° 4 vun 1938 mat der Lëscht vun de Leit déi 1938 mam ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen