Hubert Mullenberger
(Virugeleet vu(n) Hubert Müllenberger)
Den Hubert (Louis) Mullenberger[1], gebuer de 7. Februar 1868 zu Lëtzebuerg, an och do gestuerwen den 22. Dezember 1942, huet fir d'Lëtzebuerger Eisebunn geschafft a sech fir Musek an Entomologie intresséiert.
Hubert Mullenberger | |
---|---|
Gebuer |
7. Februar 1868 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
22. Dezember 1942 Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Zoolog |
Member vun | Société des naturalistes luxembourgeois |
Hir war Member am "Internationaler Entomologischer Verein", an huet e puer kleng Mattdeelungen an deem sengem Organ Entomologische Zeitschrift publizéiert. Tëscht 1901 an 1906 schreift hie säin Haaptwierk Beiträge zur Schmetterlingskunde des Luxemburger Landes.
Den Hubert Mullenberger war 1890 ee vun de fënnef Grënner vun der Société des naturalistes luxembourgeois (SNL). Déi aner Grënnungsmembere vun der SNL waren de Victor Ferrant, de Mathias Kraus, den Nicolas Leonardy an de Jean Petermann.
Literatur
änneren- Massard, J.A., 1990. La Société des Naturalistes Luxembourgeois du point de vue historique. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 91: 5-214 [Biographie H. Mullenberger S. 122].
- Massard, J.A., 2015. La Société des naturalistes luxembourgeois de 1890 à 2015. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 116, S. 5-302 (Biographie H. Mullenberger: S. 29-33; kuck och: Corrigenda et addenda).
Referenzen an Notten
änneren- ↑ De Jos Massard an La Société des Naturalistes Luxembourgeois du point de vue historique benotzt Mullenberger a Müllenberger