Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois

lëtzebuergesch wëssenschaftlech Zäitschrëft

De Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois ass eng lëtzebuergesch wëssenschaftlech Zäitschrëft déi vun der Société des naturalistes luxembourgeois (SNL) erausbruecht gëtt.

Bulletin de la SNL 115 / 2014

Am Bulletin vun der SNL fënnt een haaptsächlech Fuerschungsaarbechten iwwer d'Natur (am wäite Sënn) zu Lëtzebuerg, mä och am Ausland.

Bis 2020 sinn 122 Bänn erauskomm. D'Texter sinn op Däitsch (56 %), Franséisch (39 %) oder Englesch (5 %) geschriwwen (Stand 2017).

Zanter 2021 ginn d'Artikelen nom online first-System publizéiert. Um Enn vum Joer erschéngt de Bulletin dann um Pabeier.

De Bulletin vun der SNL ass déi eenzeg wëssenschaftlech Zäitschrëft, déi zu Lëtzebuerg reegelméisseg erauskënnt.

De Redaktiounskommitee besteet zënter 2017 aus: Claude Meisch, Paul Diederich, Laurent Schley a Simone Schneider.

D'Serie huet follgend ISSN-Nummeren:

  • 2716-750X (Online-Edition)
  • 0304-9620 (Gedréckt Editioun)

Literatur änneren

  • J.A. Massard & G. Geimer, 1990. Table générale des publications de la Société de Botanique du Grand-Duché de Luxembourg (1874-1905) et de la Société des Naturalistes Luxembourgeois (1891-1989), avec index analytique des matières. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 91, S. 215-455.[1]
  • Massard, J.A. & G. Geimer, 2015. Table générale des publications de la Société des naturalistes luxembourgeois, 1990-2015, avec un index des auteurs et un index analytique des matières. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 116, S. 505-561.[2]

Um Spaweck änneren

  • All Artikelen zanter 1891 kënne vu www.snl.lu am PDF-Format erofgeluede ginn.
  • De Bulletin vun der SNL online op eluxemburgensia.lu: 1891-1906; 1907-2011.

Kuckt och änneren