Société des naturalistes luxembourgeois
D'Société des naturalistes luxembourgeois, ofgekierzt SNL, regruppéiert zu Lëtzebuerg d'Naturalisten, d. h. Leit déi sech fir d'Natur an d'Naturwëssenschaften interesséieren. D'Gesellschaft, déi 1890 gegrënnt gouf, huet hiren offizielle Sëtz am Haus vun der Natur op der Kockelscheier. Mat ronn 400 Memberen ass si dee gréisste wëssenschaftleche Veräi vum Land.
D'S.N.L. publizéiert zanter 1891 eng wëssenschaftlech Zäitschrëft, de Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, an där Fuerschungsaarbechten iwwer d'Natur (am wäite Sënn) zu Lëtzebuerg, mä och am Ausland, verëffentlecht ginn. 124 Bänn si bis 2022 erauskomm. De Bulletin ass deen eenzege lëtzebuergesche Périodique scientifique, dee reegelméisseg erauskënnt. All Artikelen, vun 1891 bis elo, kënne vun der Websäit vun der SNL erof geluede ginn.[1]
Thematesch Aarbechtsgruppen
ännerenBannent der SNL funktionéieren dräi Aarbechtsgruppen, déi follgend Sujeten ofdecken:
Wëssenschaftler déi mat der SNL verbonne waren/sinn
änneren- Jacques Bintz (1927-2014), Geolog
- Guy Colling (*1962), Agronom, Botaniker
- Paul Diederich (*1959), Mykolog, Botaniker
- Edmée Engel (*1956), Zoologin
- Ernest Feltgen (1867-1950), Medezinner an Naturalist
- Victor Ferrant (1856-1942), Zoolog
- Gaby Geimer (*1950), Zoologin
- Marcel Hellers (*1955), Lepidopterolog
- Thierry Helminger (*1965), Botaniker
- Félix Heuertz (1877-1947), Zoolog, Botaniker
- Marcel Heuertz (1904-1981), Naturwëssenschaftler
- Edmond Joseph Klein (1866-1942), Botaniker
- Jean-Pierre-Joseph Koltz (1827-1907), Botaniker
- Mathias Kraus (1854-1924), Libraire an Naturalist
- Yves Krippel (*1966), Agronom, Botaniker
- François Léon Lefort (1917-1975), Botaniker
- Michel Lucius (1876-1961), Geolog
- Edouard Luja (1875-1953), Entdeckungsreesenden
- Jos A. Massard (*1944), Biolog, Wëssenschaftshistoriker, Politiker
- Claude Meisch (*1949), Biolog, Zoolog
- Marc Meyer (1954-2015), Lepidopterolog
- Mady Molitor (1937-2005), Biologin
- Hubert Mullenberger (1868-1942), Entomolog
- Roland Proess (*1966), Zoolog
- Léopold Reichling (1921-2009), Botaniker an Entomolog
- François Reisen (1858-1928), Botaniker an Zoolog
- Christian Ries (*1961), Agronom, Ekolog
- Laurent Schley (*1973), Zoolog
- Nico Schneider (*1950), Zoolog
- Simone Schneider (*1980), Botanikerin
- Robert Stumper (1895-1977), Cheemiker an Zoolog
- Marie-Thérèse Tholl (*1932), Mykologin
- Jean Werner (1941-2017), Bryolog
Geschichtleches
ännerenD'S.N.L. ass 1890 ënner dem Numm FAUNA - Verein Luxemburger Naturfreunde gegrënnt ginn. D'Grënnungsmembere waren: Victor Ferrant, Mathias Kraus, Nic. Leonardy, Hubert Müllenberger a Jean Petermann, zu deenen eigentlech och de Charles Olm misst gezielt ginn. Schonn am Joer 1891 steet um Deckel vum Bulletin de franséischen Numm: Société des naturalistes luxembourgeois.
Wichteg Etappen an der Geschicht vum Veräi sinn:
- 1907 kënnt et zur Fusioun mat der Société de botanique, déi 1872 gegrënnt gouf.
- 1930 publizéiert d'Gesellschaft hir Statuten am Mémorial a gëtt eng a.s.b.l.
- 1982 ass d'S.N.L. ee vun de Grënnungsmembere vun der Stëftung Hëllef fir d'Natur, zesumme mat der Natura an der Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga.
- 1994 ass d'Ouverture vum Haus vun der Natur op der Kockelscheier. D'Haus gëtt vu 6 Veräiner verwalt, dorënner d'S.N.L. (cf. de Bulletin n° 96/1995).
- 1998 dréit d'S.N.L. zur Grënnung vun der Fondation faune-flore - Institut de recherche sur le patrimoine naturel et la diversité biologique bäi.
- Zanter 2001 ass d'S.N.L. um Spaweck vertrueden (www.snl.lu).
- Zanter Januar 2007 ass dee ganze Bulletin vun der SNL online.
En détailléierten Historique fënnt een am Buch dat bei der Geleeënheet vum 100järege respektiv 125järege Bestoe vun der Gesellschaft publizéiert gouf: Massard, J.A., 1990: Livre du Centenaire 1890-1990. Bull. Soc. Nat. luxemb. 91: 5-466. [1] respektiv Livre du 125e anniversaire, 1890-201 (Jos. A. Massard & Yves Krippel, coordinateurs ; Gaby Geimer, Claude Meisch & Christian Ries, collaborateurs), Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 116 (2015), 575 S.
Am Oktober 2015 huet d'Lëtzebuerger Nationalbibliothéik eng ganz Partie Publikatioune vun der Société des naturalistes luxembourgeois an numeriséierter Form online zougänglech gemaach.[2]
Kuckt och
änneren- natur&ëmwelt
- Naturschutzzentren zu Lëtzebuerg
- Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois
- regulus (Zäitschrëften)
- Päiperlek (Zäitschrëft)
Um Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Cf. d'Online-Lëscht ënner https://www.snl.lu/publications-wp/bulletins-depuis-1891-pdf/.
- ↑ "Wierker vu "'Société des naturalistes luxembourgeois' online." rtl.lu, 29.10.2015, 12:17:37.