D'Krombach-Eech ass eng Eech am Louvignys-Park an der Stad Lëtzebuerg, déi zu Éiere vum Apdikter a Botaniker Jean-Henri-Guillaume Krombach (1791-1881) geplanzt gouf. Um Fouss vun der Eech ass e Stee mat enger Inscriptioun zu Éiere vum J.-H.-G. Krombach placéiert.

Krombach-Eech
D'Krombach-Eech am Louvignyspark am Januar 2020
Typ Bemierkenswäerte Bam
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Stadpark
Koordinaten 49°36'37,127"N, 6°7'21,594"O
Zu Éiere vun Jean-Henri-Guillaume Krombach
D'Krombach-Eech. Hannen am Bild: d'Spillplaz mam Pirateschëff.
De Gedenksteen zu Éiere vum J.-H.-G. Krombach.
Blieder vun der Eech am Herbarium vum Naturmusée.

D'Eech gouf ëm 1875 geplanzt, de Gedenkstee koum 1932 dobäi.

De Bam steet net op der 'offizieller' Lëscht vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg[1].

D'Eech an de Gedenksteen änneren

D'Krombach-Eech ass eng Stilleech vun der Varietéit fastigiata (Quercus robur var. fastigiata), och nach Pyramideneech genannt: bei dëser Varietéit wuessen d'Haaptäscht net méi oder wéineger horizontal vum Stamm ewech, mä zimmlech riicht no uewen.

Um Fouss vum Bam ass e Quarzitstee placéiert op deem dat heite steet:

CHÊNE KROMBACH
J.H.G. KROMBACH
1791-1881
PHARMACIEN
Président de la Société Botanique

Geschicht änneren

De J.-H.- Kromach war eng bekannt Persoun am Krees vun den Naturinteresséierten an der leschter Hallschent vum 19. Joerhonnert zu Lëtzebuerg. Hie war deen éischte President vun der Société de botanique (déi 1907 mat der Société des naturalistes luxembourgeois fusionéiert huet). De Krombach war den Auteur vun der Flore du Grand-Duché de Luxembourg vun 1876 an hie war och ee vun de Promoteure vum Botanesche Gaart vun der Stad Lëtzebuerg, deen am Louvignys-Park (net wäit vun der Krombach-Eech ewech, do wou haut d'Spillplaz mam Pirateschëff ass) op de Festungsiwwerreschter amenagéiert gouf.

D'Eech änneren

Et ass net genee gewosst wéini a bei wat fir enger Geleeënheet d'Krombach-Eech geplanzt gouf[2].

Enger mëndlecher Iwwerliwwerung no aus den 1930er Jore[2] soll d'Krombach-Eech den 13. November 1875 geplanzt gi sinn, dat bei der Aweiung vun der Bamschoul am Botanesche Gaart am Louvignys-Park, zesumme mat dräi Stilleechen. D'Krombach-Eech gouf net am Botanesche Gaart selwer gesat, wou nëmmen heemesch Aarte virgesi waren.

Enger anerer Iwwerliwwerung no soll d'Eech den 3. September 1874 gesat gi sinn, bei der Geleeënheet vun der Jubiläumsfeier vun der Société des sciences médicales, fir de Krombach an zwéin aner Membere vun der Gesellschaft z'éieren.

Et gëtt nach eng drëtt Hypothees: d'Eech kéint 1877 vum Museksveräi Concordia (engem Virleefer vun der haiteger Harmonie municipale Luxembourg & Limpertsberg) geplanzt gi sinn, där hire President de Krombach vun 1871 bis 1881 war. Am Juli 1877 huet d'Concordia hiert neit Lokal beim Park ageweit. Bei där Geleeënheet wier och d'Eech zu Éiere vun hirem President gesat ginn[2].

De Gedenksteen änneren

D'Initiativ fir de Gedenkstee bei der Krombach-Eech goung vun der Société des naturalistes luxembourgeois aus, dat op eng Propositioun vum Gustave Faber hin, Direkter vun der deemoleger Industrieschoul.

De Quarzitsteen ass e sougenannte Findling (bloc erratique), dee beim Gréiweknapp (Gemeng Helperknapp) fonnt gouf[2],[3].

De Gedenkstee gouf den 21. Abrëll 1932 a Presenz ënner anere vun Nokomme vum J.-H.-G. Krombach um Fouss vum Bam installéiert.

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Chêne Krombach – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Sinner J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. d'Lëscht S. 236-238).
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 J. Massard, 1990, Bull. SNL, S. 146
  3. De Léon Blasen (1985) schreift, de Stee wier um Helperknapp fonnt ginn.