Lycée de garçons de Luxembourg

Secondairesschoul um Lampertsbierg

De Lycée de garçons de Luxembourg, kuerz LGL an op Lëtzebuergesch dacks einfach (Stater) Jongelycée genannt, ass eng ëffentlech Secondairesschoul um Lampertsbierg an der Stad Lëtzebuerg.

Lycée de garçons de Luxembourg
De Jongelycée um Lampertsbierg
Jongelycée (LGL)
Typ Secondairesschoul, ëffentlech Schoul
Regimm Classique, General
Land Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Leedung Frank Eyschen
Schülerzuel 965
  September 2022
Ënnersteet der/dem Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend
Gegrënnt 1892
Um Spaweck http://www.lgl.lu

E läit um Lampertsbierg just nieft der Kierch a steet tëscht der Avenue Victor Hugo an der Avenue Pasteur. Direkt donieft steet och d'Lampertsbierger Primärschoul Henri VII a virum Lycée ass d'Auguste Laurent Plaz.

De Lycée de garçons war fréier allgemeng ënner dem Numm Industrieschoul bekannt.

Historique änneren

D'Industrieschoul ass mam Gesetz vum 18. Mäerz 1892 vum Stater Kolléisch getrennt ginn a krut eng eegen Direktioun[1]. De Gustave Zahn, Directeur adjoint vum Kolléisch, gouf den 3. Oktober 1892 mat der Direktioun vun der neier Schoul chargéiert. Deemools gouf et 26 Professeren an 289 Schüler, opgedeelt a 6 Industrie-, 3 Commerceklassen an d'Cours supérieurs fir Naturwëssenschaften, Physik a Mathematik.

De 25. Mee 1894 krut de Gustave Zahn d'Nominatioun als Direkter. D'Industrieschoul mat hire Klassesäll ass och no dëser Trennung nach am Gebai vum Kolléisch an der Uewerstad bliwwen.

Duerch d'Gesetz vum 23. Mee 1904 gouf de Bau vun engem neie Gebai fir d'École industrielle et commerciale de Luxembourg festgeluecht[2]. Heifir gouf e Concours ausgeschriwwen, deen den Architekt-Ingenieur Gustave Serta gewonnen huet.
1908 ass d'Schoul, mat hiren deemools 409 Schüler, an hiert neit Gebai um Lampertsbierg komm.

Wärend dem Zweete Weltkrich am August 1941 gouf een Deel vun de Schüler aus dem Kolléisch an d'Industrieschoul verluecht, an eng sougenannt Goetheschoul, Staatliche Oberschule für Jungen, gouf am selwechte Gebai geschaf, an där och Latäin enseignéiert gouf. D'Industrieschoul selwer gouf a Staatliche Limpertsberg-Oberschule für Jungen ëmbenannt. Nom Krich blouwen d'Section moderne mat 6 Joer an d'Section latine mat 7 Joer Studium bestoen. 1945/1946 hat d'Schoul iwwer 1.000 Schüler mat 64 Professeren.

Duerch d'Groussherzoglecht Reglement vum 28. Abrëll 1945 gouf d'Schoul vun « École industrielle et commerciale de Luxembourg » an « Lycée de garçons de Luxembourg » ëmbenannt[3].

Den 28. November 2017 gouf d'Gebai op den Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroen[4].

Direkteren änneren

  • 1892-1894: Gustave Zahn (Direkter ff)
  • 1894-1906: Gustave Zahn
  • 1906-1916: Nicolas Philippe
  • 1917-1917: François Manternach
  • 1917-1940: Gustave Faber
  • 1945-1945: Gustave Faber
  • 1945-1955: André-Paul Thibeau
  • 1955-1961: Alphonse Willems
  • 1961-1971: Henri Thill
  • 1971-1988: Édouard Simon
  • 1989-2005: Jean-Paul Pütz
  • 2005-2016: Bernard "Benn" Schroeder
  • 2016- : Frank Eyschen

Am Zweete Weltkrich, gouf d'Direktioun vun der Schoul vum Joseph ("Josef") Foos iwwerholl.

Bekannt Professeren änneren

Bekannt Schüler änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Lycée de garçons de Luxembourg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Loi du 28 mars 1892 concernant la séparation du gymnase et de l'école industrielle de l'Athénée et l'organisation de cette école (28.03.1892). Gekuckt de(n) 25.09.2022.
  2. Loi du 23 mai 1904, concernant la construction d'une école industrielle et commerciale à Luxembourg. legilux.lu (23.05.1904). Gekuckt de(n) 25.09.2022.
  3. Arrêté grand-ducal du 28 avril 1945, portant nouvelle dénomination de l'enseignement moyen, des Ecoles industrielles et commerciales et des diplômes de maturité et de capacité. legilux.lu (28.04.1945). Gekuckt de(n) 25.09.2022.
  4. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 11. Januar 2024).