Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Léon Blasen, gebuer den 29. Mee 1915 zu Schieren, a gestuerwen de 15. Januar 2000 zu Ettelbréck, war Haaptinspekter am Staatsministère, an nieweberufflech Kultur-, Musek- a Literaturchronist. Hien ass dacks als Conferencier am Radio oder bei Soiréeën opgetratt.

Léon Blasen
Gebuer 29. Mee 1915
Gestuerwen 15. Januar 2000
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Auteur

A senge lëtzebuergeschen Emissiounen op Radio RTL (meeschtens um Sonndeg: Um Staminet, ënner anerem mam Pir Kremer) hat hie vill Nolauschterer.

Duerch seng Interpretatiounen a Kommentare vun an iwwer d'Wierker vum Auguste Liesch ass hien am ganze Land bekannt ginn.

Am Nationale Literaturzentrum (CNL) besteet e Fonds Léon Blasen.

Publikatiounen (Auswiel) änneren

  • Blasen, Léon: Lëtzebuerger Komponisten, 1988, Erausgi vun der Lëtzebuerger Stadmusek
  • Blasen, Léon: "Spassig Saachen aus der Letzebuerger Literatur" mam Léon Blasen (Optrëtt 1990 um Iechternacher Festival)
  • Blasen, Léon: Artikelen an der Dages- a Wochepress iwwer Konscht, Literatur a Musek

Kuckt och änneren