Jean-Henri-Guillaume Krombach
De Jean-Henri-Guillaume Krombach oder Johann Heinrich Wilhelm Krombach, gebuer de 16. September 1791 zu Moers bei Krefeld a Preisen, gestuerwen den 23. Februar 1881 an der Stad Lëtzebuerg, war e Botaniker, Agronom an Apdikter.
Jean-Henri-Guillaume Krombach | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
16. September 1791 Moers |
Gestuerwen | 23. Februar 1881 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Botaniker, Apdikter |
LiewenÄnneren
Hie war Professer fir Botanik an Agronomie an de Kolléische vun Dikrech an Ettelbréck.
Duerch Gesetz vum 6. Mäerz 1850 krut hien iwwer de Wee vun der Naturalisatioun déi Lëtzebuerger Nationalitéit.[1]
De J.-H.- Kromach war eng bekannt Persoun am Krees vun den Naturinteresséierten an der leschter Hallschent vum 19. Joerhonnert zu Lëtzebuerg. Hie war deen éischte President vun der Société de botanique (déi 1907 mat der Société des naturalistes luxembourgeois fusionéiert huet). De Krombach war den Auteur vun der Flore du Grand-Duché de Luxembourg vun 1876 an hie war och ee vun de Promoteure vum Botanesche Gaart vun der Stad Lëtzebuerg, deen am Louvignys-Park (net wäit vun der Krombach-Eech ewech, do wou haut d'Spillplaz mam Pirateschëff ass) op de Festungsiwwerreschter amenagéiert gouf.
EngagementÄnneren
- President vun der Société de botanique du Grand-Duché[2] (vun 1871 un)
- Member vun der Société de chimie de France
- Member vum Institut royal grand-ducal, section des sciences naturelles
- Member vun der Société médicale
- Member vun der Société royale agricole
- Member vum Cercle agricole et horticole du Grand-Duché de Luxembourg
AuszeechnungenÄnneren
Bibliographie (Auswiel)Änneren
- Krombach, J.-H.-G., 1875. Flore du Grand-Duché de Luxembourg. Plantes phanérogames, Joris, Lëtzebuerg, 564 S. (D'Wierk op archive.org)
LiteraturÄnneren
- Kintgen, D., 1882. Johann Heinrich Wilhelm Krombach, vormaliger Apotheker, emeritirter Professor der Botanik und Agronomie, Mitglied des Instituts (Sectionen für Medizin und Naturwissenschaften), Präsident u. Ehrenpräsident der Botanischen Gesellschaft des Grossherzogthums Luxemburg. Recueil des mémoires et des travaux publiés par la Société de botanique du grand-duché de Luxembourg 6-8: 96-100
Um SpaweckÄnneren
Commons: Jean-Henri-Guillaume Krombach – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an NottenÄnneren
- ↑ Loi qui accorde la naturalisation au sieur Krombach, pharmacien à Ettelbruck, publizéiert am Mémorial Nr 49 vun 1850, S. 465
- ↑ D'Gesellschaft gouf och nach Comité botanique genannt.