En Herbarium oder Herbar (v. lat.: herba = Kraut) ass eng Sammlung vu konservéierten (meeeschtens gedréchenten a gepressten) Planzen resp. Planzendeeler fir wëssenschaftleche Zwecker oder och d'Amateur-Beschäftegung mat der Botanik. Bei wëssenschaftlechen Herbarie sinn heiansdo verschidden Objeten naass (an Alkohol) konservéiert, oder bestinn aus Holzsammlungen (Xylarium).

Rosa canina, am Herbarium LUX vum Naturmusée
Herbarium vum Naturmusée.

Bei engem Herbarium sinn eenzel Planzen oder hir Deeler als Eenheet erkennbar an op engem Herbarbou opgepecht. Dobäi soll dokumentéiert sinn, wou an ënner watfir Ëmstänn d'Planz fonnt gouf (Wëssenschaftlechen Numm, Datum, Plaz, Standuert, Sammler, Heefegkeet, aner Planzen op där Plaz, etc.).

En Herbarium erlaabt et de Botaniker, Planzen, déi vu verschiddene Plazen hierkommen, ze vergläichen oder nozeweisen, wat fir Planzenaarten op verschiddene Plaze virkommen.

Vill botanesch Gäert, naturwëssenschaftlech an -historesch Muséeën oder biologesch Universitéits-Instituter hunn Herbarien. All déi grouss a bedeitend Herbarien, déi international aktiv sinn, sinn am „Index Herbariorum“ opgelëscht (knapps 3.000, Stand Dez. 2016).[1]

Déi zéng gréisst Herbarien op der Welt sinn, dem Index Herbariorum no:

Zum Verglach: Den Herbarium vum Naturmusée Lëtzebuerg huet iwwer 100.000 Specimenen.[5]

Um Spaweck änneren

Commons: Herbaria – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Index Herbariorum: A global directory of public herbaria and associated staff. New York Botanical Garden's Virtual Herbarium. edited by Barbara M. Thiers
  2. Website der Royal Botanic Gardens, Herbarium
  3. The National Herbarium of the Netherlands (NHN), Department of Botany of Naturalis Biodiversity Center, Leiden Archivéiert op 2016-04-22. Gekuckt de(n) 2020-05-28.
  4. Harvard Herbaria and Libraries
  5. Herbarium LUX op mnhn.lu; gekuckt 2021-06-20.