Nëssert am Konviktsgaart zu Lëtzebuerg

Deel vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg

Dësen Nëssert (Juglans regia L.; noyer commun; Walnussbaum), deen zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéiert, steet fräi op engem klengen Hiwel am fréiere Konviktsgaart an der Stad Lëtzebuerg.

De Nëssert am Konviktsgaart (Juni 2008).
Am Wanter (Mäerz 2010).

Gutt ze gesinn ass de Bam vun der Avenue Marie-Thérèse an och dem Boulevard Grande-Duchesse Charlotte aus. An der Nuecht ass de Bam beliicht.

De Nëssert huet beim Bau vum Altersheem am Konviktsgaart gestéiert, an nëmmen duerch déi energesch Interventioun vun engagéierte Bam-Amateure konnt en erhale bleiwen.

Ëm 2000 goufe follgend Moosse geholl: Héicht 18 m; Duerchmiesser vum Stamm: 0,92 m (op Broschthéicht).

Geographesch Koordinaten: 49° 36’ 22.38’’ N 06° 07’ 13’’ O

Quellen änneren

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Dëse Bam fënnt een op de Säiten 154 an 155, Text a Foto).

Kuckt och änneren

Fotoen änneren