Sequoiaen am Amaliepark

Deel vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg

Déi zwou Sequoiaen am Amaliepark si Risemammutbeem (Sequoiadendron giganteum; séquoia géant; Riesenmammutbaum) a stinn an der Stad Lëtzebuerg beim Monument fir d'Amalia vu Sachsen-Weimar-Eisenach.

Déi zwou Sequoiaen, an der Mëtt d'Monument Amalia.

Déi riets Sequoia, op d'Monument hi gekuckt, ass méi héich an huet méi Laf wéi déi aner.

Mat engem Alter vu ronn 140 Joer (Stand 2018) sinn dës zwéi Beem mat déi eelst Sequoiaen zu Lëtzebuerg. Zum Vergläich: a Kalifornien sti Sequoiaen déi 1000 Joer al sinn an eng Gréisst vun 100 m erreechen.

Wëll komme Risemammutbeem ausschliisslech a Kalifornien vir. A Mëtteleuropa gi se zanter der Mëtt vum 19. Joerhonnert a Parken ugeplanzt.

D'Opriichte vum Monument an den Amenagement vun den Alentoure goufen ënner der Berodung vum franséische Paysagiste Édouard André (1840-1911), deen och de Park vun der Stad Lëtzebuerg entworf huet, duerchgefouert. Et kann een also unhuelen, datt och déi zwou Sequoiaen op säi Rotschlo hi geplanzt goufen.

Déi zwéi Beem goufe fir d'éischt 2002 op d'Lëscht vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg opgeholl.

Ëm 2000 goufe follgend Moosse geholl: Héicht 27 an 32 m; Stammdéckt op Broschthéicht: 1,46 an 1,97 m, wat engem Ëmfang vu 4,58 a 6,15 m entsprécht.

QuellenÄnneren

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 194-195, Text a Foto).

Kuckt ochÄnneren