Buch am Péitrussdall, Bastioun Beck
Dës Buch (Fagus sylvatica; hêtre européen; Rotbuche), déi zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéiert, steet op hallwer Héicht am Péitrussdall, zur Säit vun der Uewerstad hin, ënner der Bastioun Beck, ongeféier an der Mëtt tëscht der Neier Bréck an der Plaz vun der Gëlle Fra.
Am beschten erreecht een d'Buch andeems ee vun der Avenue Marie-Thérèse aus, kuerz virun der Neier Bréck an den Dall erof geet, ënner der Bréck erduerch an dann op gläicher Héicht weider, bis bei d'Elektrizitéitswierk (Transformator), dat d'Stad Lëtzebuerg do op der lénkser Säit an der Festungsanlag ageriicht huet. Riets vum Wee fält do de gesichte Bam duerch seng Mächtegkeet op.
D'Kroun vun der Buch ass ongläichméisseg entwéckelt: zum Dall hi sinn d'Äscht kräfteg a gi breet auserneen, op der anerer Säit gouf de Wuesstum duerch d'Festungsmauer ageschränkt.
Den Alter vun der Buch ass net bekannt, däerft awer sécherlech 100 Joer iwwerschreiden.
Ëm 2000 si follgend Moosse geholl ginn: Héicht 22 m; Stammdéckt op Broschthéicht: 1,30 m. E puer Joer virdru goufen d'Äscht vun enger spezialiséierter Firma geséchert.
Koordinaten: 49° 36’ 33’’ N 06° 07’ 41’’ O
QuellenÄnneren
- Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des Eaux et Forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (D'Buch aus dem Péitrussdall ass op S. 82-83 beschriwwen, mat zwou Fotoen).
FotoenÄnneren
Kuckt ochÄnneren
- Aner bemierkenswäert Beem an der Stad:
- Hobuch op der Kinnekswiss
- Bam vum Prënz Jean (Käschtebam am Pescatore-Park)
- Sequoiaen am Amaliepark
- Bluttbuch bei der Méchelskierch
- Bluttbuch am Haff vum Geschichtsmusée
- Käschtebam um Square-Robert Brasseur
- Nëssert am Konviktsgaart
- Ginkgo op der Eecher Plaz
- Biergahornen op der Corniche (déi zwéi Beem goufen 2009 ewechgeholl)
- Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg