Bluttbuch bei der Méchelskierch
Deel vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg
Dës Bluttbuch, déi zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéiert, steet am Gaart vum Parhaus vun der Méchelskierch an der Stad Lëtzebuerg.

Vum Bock aus gesinn (Januar 2008).
D'Bluttbuch (Fagus sylvatica cv. purpurea; hêtre pourpre; Blutbuche) ass eng Varietéit vun der gewéinlecher Buch (Fagus sylvatica).
D'Buch bei der Méchelskierch ass bemierkenswäert wéinst hirer imposanter Kroun, mä virun allem och wéinst hirem Standuert: si steet op enger vun deenen historesch eelsten an touristesch am meeschte besichte Plazen an der Stad Lëtzebuerg.
Den Alter vum Bam ass net bekannt, däerft awer sécherlech 100 Joer iwwerschreiden.
Ëm 2000 goufe follgend Moosse geholl: Héicht 19 m; Ëmfank: 1,0 m (op Broschthéicht).
Geographesch Koordinaten: 49° 36’ 41’’ N
06° 08’ 06’’ O
Kuckt ochÄnneren
Aner bemierkenswäert Beem op der CornicheÄnneren
- Bluttbuch am Haff vum Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg
- Biergahornen op der Corniche (déi zwéi Beem goufen 2009 ewechgeholl)
Weider bemierkenswäert Beem an der StadÄnneren
LiteraturÄnneren
- Sinner J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (D'Bluttbuch bei der Méchelskierch fënnt een op de Säiten 78 an 79, Text a Foto).