Hobuch op der Kinnekswiss zu Lëtzebuerg
D'Hobuch (Carpinus betulus L.; charme; Hainbuche) op der Kinnekswiss am Park an der Stad Lëtzebuerg, huet zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéiert.
De Bam huet aus enger Dose Stämm bestanen, seng Kroun huet sech iwwer eng Fläch vun 300 m² ausgebreet. Domat war déi Hobuch dat imposantst Exemplar vu senger Aart zu Lëtzebuerg.
Um Panneau nieft den Iwwerreschter, gëtt den Alter vum Bam mat 150 Joer uginn an en hätt schonn do gestanen, ier de Park 1871 ugeluecht gouf. Et kann een deemno unhuelen, datt en tëscht 1865 an 1870 geplanzt gouf[1].
Ëm 2000 goufe follgend Moosse geholl: Gréisst 22 m; Ëmfank: 1,77 m (op Broschthéicht).
No enger Rei dréchenen a waarme Summeren an och wéinst zwéin invasive Pilzen déi d'Holz zersat hunn, krut de Bam am Fréijoer 2016 keng Blieder méi a war domat gestuerwen[1]. Am September 2016 sinn nëmme méi dier Äscht iwwereg bliwwen.
Am Februar 2017 gouf bekannt, datt den doudege Bam net ewechgeholl géif, fir datt d'Vigel, Insektelarven an aner Organismen dat doudegt Holz als Liewensraum benotze kënnen[2],[1].
QuellenÄnneren
- Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 140 an 141, Text a Foto).
- Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, 167 S. (Cf. S. 154, Foto, ouni Text).
Kuckt ochÄnneren
- Aner bemierkenswäert Beem an der Stad
- Bam vum Prënz Jean (Käschtebam am Pescatore-Park)
- Sequoiaen am Amaliepark
- Buch am Péitrussdall, Bastioun Beck
- Bluttbuch bei der Méchelskierch
- Bluttbuch am Haff vum Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg
- Käschtebam um Square Robert-Brasseur
- Nëssert am Konviktsgaart
- Ginkgo op der Eecher Plaz
- Biergahornen op der Corniche (déi zwéi Beem goufen 2009 ewechgeholl)
- Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
Um SpaweckÄnneren
Commons: Hobuch op der Kinnekswiss zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an NottenÄnneren
- ↑ 1,0 1,1 1,2 Panneau „Hobich Kinnekswiss” vun der Stater Gemeng am Park, nieft den Iwwerreschter vum Bam
- ↑ rr, 2017. Ein wertvolles zweites Leben. Luxemburger Wort vum 17. Fébruar 2017, S. 19.