Käschtebam um Square Robert-Brasseur zu Lëtzebuerg
Dëse Käschtebam (Aesculus hippocastanum L.; Rosskastanie; marronnier d'Inde) steet um Square Robert-Brasseur, vis-à-vis vun der Theaterplaz, an der Stad Lëtzebuerg. Hie fält duerch seng Gréisst an déi imposant Breet vu senger Kroun op.
Käschtebam um Square Robert-Brasseur zu Lëtzebuerg | |
---|---|
De Käschtebam vun der Schickerisgaass aus gesinn (Januar 2024) | |
Kategorie | Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Plaz | Uewerstad |
Adress | Square Robert-Brasseur |
Koordinaten | 49°36'46,80"N, 6°7'53,51"O |
Bamaart | Käschtebeem |
Héicht | 23,5 m (2023) |
Duerchmiesser | 1,37 m (2023) |
Ëmfang | 4,3 m (2023) |
D'Kroun huet en Duerchmiesser vun zirka 15 m. Op enger Héicht vun ongeféier 3 m deelt sech de Stamm kandelaberaarteg op an 10 kräfteg, senkrecht geriichten Äscht.
De Bam steet fräi, gëtt also net a sengem Wuesstem behënnert. Säi gesonden Zoustand ass drop zeréckzeféieren, datt en net wéi seng Aartgenosse laanscht d'Stroossen all Joer dem Streesalz am Wanter ausgesat ass. Käschtebeem reagéiere besonnesch empfindlech dorop.
Dëse Käschtebam gouf 2002 fir d'éischt op d'Lëscht vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg opgeholl. Ëm 2000 goufe follgend Moosse geholl: Héicht 23 m; Duerchmiesser (op Broschthéicht): 1,30 m. Ëm 2022 waren et 23,5 m an 1,37 m.
Den Duerchmiesser vum Stamm léisst drop schléissen, datt dëse Käschtebam ee vun deenen éischte vu senger Aart war, déi zu Lëtzebuerg gesat goufen.[1]
Kuckt och
änneren- Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
- Aner bemierkenswäert Beem an der Stad
- Hobuch op der Kinnekswiss zu Lëtzebuerg
- Bam vum Prënz Jean (Käschtebam am Pescatore-Park)
- Sequoiaen am Amaliepark
- Buch am Péitrussdall, Bastioun Beck
- Bluttbuch bei der Méchelskierch
- Bluttbuch am Haff vum Geschichtsmusée (gouf 2022 ewechgeholl)
- Nëssert am Konviktsgaart
- Ginkgo op der Eecher Plaz
- Biergahornen op der Corniche (déi zwéi Beem goufen 2009 ewechgeholl)
Quellen
änneren- Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des Eaux et Forêts. Musée national d'histoire naturelle, S. 138-139.
- Pailhès, M. et al., 2023. Les abres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg.. Erausgi vun der Administration de la nature et des forêts an natur&ëmwelt, 252 S. Imprimerie Centrale. ISBN 978-2-9199474-3-0. Käschtebam um Square Robert-Brasseur: S. 174-175.
Um Spaweck
ännerenCommons: Käschtebam um Square Robert-Brasseur zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ 2023, Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg.