Botanesche Gaart vun der Stad Lëtzebuerg

fréierer botanesche Gaart (1875-1888) am Stater Park

De Botanesche Gaart vun der Stad Lëtzebuerg war e botanesche Gaart, deen tëscht 1875 an 1888 am Stater Park bestanen huet.

Botanesche Gaart vun der Stad Lëtzebuerg
Lokalisatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Uewerstad
Ugeluecht 1875
Bauhär Lëtzebuerger Regierung
Architekt Édouard André

1871 huet déi Lëtzebuerger Regierung de Landschaftsarchitekt Édouard André domat beoptraagt, de Stater Park z'amenagéieren. Op Bedreiwe vun der Société de botanique du grand-duché de Luxembourg gouf am neie Park vun der Stad Lëtzebuerg e botanesche Gaart ageriicht, deen 1875 ageweit gouf, an dee bis 1888 bestanen huet. Dëse Jardin botanique de Luxembourg louch tëscht den Avenuë Monterey a Marie-Thérèse. Wéinst de klenge Schëltercher, déi nieft de Planze stoungen, gouf dësen Deel vum Stater Park vun de Leit Poppekierfecht[1] a Poppegaart[2] genannt.

Literatur änneren

  • Koltz, J.-P.-J., 1877. Le Jardin botanique de Luxembourg. Recueil des mémoires et des travaux publiés par la Société de botanique du grand-duché de Luxembourg, vol. 2/3: 30-32.
  • Molitor, M., 1987. Histoire des Parcs. In: Promenade écologique à travers la Ville de Luxembourg. Courrier de l'Éducation nationale, N° A1/87, S. 25-26.

Referenzen änneren

  1. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, 28 (1918), S. 144-145.
  2. Massard, J. A., 1989. La vie scientifique. In: M. Gerges (éd.): Mémorial 1989: la Société luxembourgeoise de 1839 à 1989. Luxembourg, Les Publications Mosellanes, S. 410.

Kuckt och änneren