Bam vum Prënz Jean
Deel vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg
De Bam vum Prënz Jean ass e Käschtebam (Aesculus hippocastanum; marronnier d'Inde; Rosskastanie), deen an der Stad Lëtzebuerg am Park virun der Fondatioun Pescatore steet.
Bam vum Prënz Jean | |
---|---|
Riets de Bam vum Prënz Jean an der Bléi. Lénks en Deel vum Altersheem (Fondation Pescatore). Mee 2009. | |
Kategorie | Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg |
Land | Lëtzebuerg |
Plaz | Stadpark |
Adress | Avenue J.-P. Pescatore |
Koordinaten | 49°36'57,24"N, 6°7'43,61"O |
Bamaart |
Käschtebam (Aesculus hippocastanum) |
Status | Erënnerungsbam |
Héicht | 23 m |
Dëse Bam gouf 1921, bei der Geleeënheet vun der Gebuert vum Prënz Jean, de 5. Januar 1921, dem spéidere Groussherzog Jean, geplanzt an dréit vun do u säin Numm. Domat gehéiert dëse Käschtebam zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.
Ëm 2000 gouf en Ëmfang op Broschthéicht vun 3,64 m an eng Gréisst vun 23 m gemooss.
Interessantes
änneren- Um Bild am Buch vun 2002 steet de Bam fräi, an d'Plackett ass um Bam fixéiert. 2008 ass de Stamm mat engem Gitter ëmginn, un deem d'Plackett festgemaach ass: Arbre du Prince Jean.
- Dëse Käschtebam gouf 2002 fir d'éischt op d'Lëscht vun de bemierkenswäerte Beem opgeholl.
- De Groussherzog Jean, vun deem bekannt ass, datt hien e groussen Interessi fir d'Beem an d'Natur am Allgemengen hat, huet 1989, bei der Geleeënheet vum 25. Joresdag vu senger Trounbesteigung, all Gemeng am Land e jonke Lannebam geschenkt.
Fotoen
ännerenKuckt och
änneren- Am Pescatore-Park:
- Joseph-Kutter-Stèle, mat enger Skulptur vum Lucien Wercollier
- Le passe-muraille, eng Skulptur vum Jean-Bernard Métais
- Bam vum Prënz Charles
- Aner bemierkenswäert Beem an der Stad:
- Hobuch op der Kinnekswiss
- Sequoiaen am Amaliepark
- Käschtebam um Square Robert-Brasseur
- Biergahornen op der Corniche (déi zwéi Beem goufen 2009 ewechgeholl)
- Bluttbuch bei der Méchelskierch
- Bluttbuch am Haff vum Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg
- Buch am Péitrussdall, Bastioun Beck
- Nëssert am Konviktsgaart
- Ginkgo op der Eecher Plaz
- Bam vum Prënz Henri am Heeschdrëffer Park
- Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
Quellen
änneren- Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 174-175, Text a Foto).