Rainer Werner Fassbinder

däitsche Regisseur, Dréibuchauteur a Schauspiller

De Rainer Werner Fassbinder, gebuer den 31. Mee 1945 zu Bad Wörishofen, Bayern, a gestuerwen den 10. Juni 1982 zu München, war en däitsche Film- a Büneregisseur, Filmproduzent, Dréibuchauteur a Schauspiller.

Rainer Werner Fassbinder
(Grafik)
Pseudonym Franz Walsch
Gebuer 31. Mee 1945
Bad Wörishofen
Gestuerwen 10. Juni 1982
München
Doudesursaach Häerzkollaps
Nationalitéit Westdäitschland
Aktivitéit Dréibuchauteur, Dramatiker, Filmregisseur, Schauspiller, Filmediteur, Televisiounsregisseur, Kameramann, Filmproduzent, Filmschauspiller, Theaterregisseur, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Regisseur
Famill
Bestuet mat Ingrid Caven, Juliane Lorenz
Liewenspartner(in) Udo Kier, Irm Hermann, Günther Kaufmann, El Hedi ben Salem
Mamm Liselotte Eder
Ërennerungsplack um Kino "Filmhaus" zu Bad Wörishofen
Graf um Kierfecht zu Bogenhausen

De Fassbinder wollt d'Filmhéichschoul zu Berlin besichen, hie gouf awer net zougelooss. 1968 schreift e säin éischt Theaterstéck (Katzelmacher). E grënnt da mat der Irm Hermann, der Hanna Schygulla, dem Peer Raben an dem Kurt Raab de Grupp Antitheater.

Vun 1969 un dréint de Fassbinder ee Film nom aneren.

Seng éischt Filmer bis 1974 dréint de Fassbinder haaptsächlech mat de Schauspiller aus dem Antitheater.

1971 schreift hien eng Etüd iwwer d'Melodramen déi den Douglas Sirk zu Hollywood gedréint huet. A spéidere Filmer inspiréiert de Fassbinder sech och um Stil vun deene Mélodramen.

Ufank der 70er Joren dréit de Fassbinder eng ganz Serie bedeitend Filmer wéi: Der Händler der vier Jahreszeiten, Wildwechsel an Die bitteren Tränen der Petra von Kant.

1979 dréint de Fassbinder dunn Die Ehe der Maria Braun den éischte Film aus der sougenannter BRD Trilogie. Den zweete Film war Lola, an als drëtte koum Die Sehnsucht der Veronika Voss. Ouni Zweiwel déi dräi klasseschst a bescht Filmer vum Fassbinder.

Televisounsgeschicht huet hien och mat der Verfilmung an 13 Deeler (15 ½ Stonnen) vum Alfred Döblin sengem Roman Berlin Alexanderplatz geschriwwen.

De Fassbinder huet séier geschafft; mat Drogen huet hie sech gedoppt. Mat 37 Joer ass en un enger Iwwerdosis gestuerwen.

Filmographie änneren

Als Regisseur änneren

Kino änneren

Televisioun änneren

Als Schauspiller änneren

Kino änneren

Televisioun änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Rainer Werner Fassbinder – Biller, Videoen oder Audiodateien