Aasselbuerer Millen

Lieu-dit a fréier Millen an der Gemeng Wëntger

D'Aasselbuerer Millen (lokal: Aasselburrer Millen[1]) ass e Lieu-dit an eng fréier Millen am Dall vun der Trëtterbaach zu Aasselbuer an der Gemeng Wëntger. Déi restauréiert Gebaier, déi a Privatbesëtz sinn, ginn ënner dem Numm Domaine du moulin d'Asselborn als Hotel, Restaurant, Café, Galerie a Musée benotzt.

Aasselbuerer Millen
Aasselburrer Millen
D'Aasselbuerer Millen (2006)
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Asselborn-Moulin
Land Lëtzebuerg
Kanton Klierf
Gemeng Wëntger
Buergermeeschter Lucien Meyers (CSV)
Koordinaten 50° 05’ 16.73’’ N
      05° 57’ 51.82’’ O
D'Mille vun der Bréck aus gesinn
Vue an den Haff
Vu Süde gesinn

Am Haff vun der Mille steet eng Skulptur vum Michel Pintz, dem Schéifermisch vun Aasselbuer. Si ass e Wierk vum lëtzebuergesche Sculpteur a Moler Michel Heintz jr. An engem Eck am Haff ass e klengen Ënnerdaach amenagéiert als Erënnerungsplaz un d'Affer vun der Ardennenoffensiv.

Geschicht änneren

1036 koum d'Abtei Sankt Maximin vun Tréier duerch en Tauschvertrag mat der Abtei Stavelot-Malmédy an de Besëtz vun der Millen zu Aasselbuer.

D'Mille blouf am Besëtz vun der Tréierer Abtei bis se no 1794, nodeem déi franséisch Revolutiounstruppen de Lëtzebuerger Raum besat haten, versteet gouf an a Privatbesëtz koum.

1824 war d'Millen am Besëtz vum Johann Kehr an dem Philipp Koener senger Wittfra. Et war do eng Kären- an Uelegmille mat dräi Millerieder déi vun uewe gefiddert goufen. Vun 1932 u gouf mat der Produktioun wéinst där schwaacher Produktivitéit fir d'Allgemengheet opgehalen an eréischt wärend dem Zweete Weltkrich gouf nees weidergefuer.

D'Mille war bis zum Enn vum Zweete Weltkrich a Betrib, wéi se definitiv zougemaach gouf. Vun 1971 un huet d'Proprietärin eleng an der Mille gelieft. 1981 gouf d'Mille vun der Gesellschaft Center Alstad, déi dem Léon Nilles a senger Famill gehéiert, opkaaft. Déi deemools delabréiert Gebaier goufe renovéiert fir en Hotel, e Restaurant, e Café, eng Konschtgalerie an e Millemusée opzehuelen.

Am Joer 2000 gouf de Millemusée a Presenz vun der deemoleger Ministesch fir Kultur, Erna Hennicot-Schoepges, offiziell opgemaach.

Quellen änneren

  • (NLW), 2000. Es klappert die Mühle am "Tretterbaach". Wasser-Mühlen-Museum in Asselborn offiziell eröffnet. Luxemburger Wort vum 16. Dezember 2000.

Literatur änneren

  • Lobo, Paulo, 2011. 12 Bemerkenswerte Gebäude in Luxemburg: 11. Die Asselborner Mühle. S. 106-113, Luxédit, ISBN 978-99959-733-0-8
  • Le Livre sur l'évolution de l'écriture et des outils - Lucie Krier
  • Le Relais Postal d'Asselborn - Lucie Krier, Léon Nilles

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Aasselbuerer Millen – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Gearchiveerd op 2020-08-11. Gekuckt de(n) 14.06.2020.