D'Leeresmillen (lokal:Lerresmillen) ass e Lieu-dit an der Gemeng Wëntger. Se ass op der topographescher Kaart vum Kadaster als Léresmillen agedroen, och nach Lerresmillen genannt. Et ass eng fréier Millen am Dall vun der Trëtterbaach.

Leeresmillen
D'Leeresmillen (2014).
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Lehresmühle
de: Lehresmühle
Land Lëtzebuerg
Kanton Klierf
Gemeng Wëntger
Buergermeeschter Lucien Meyers (CSV)
Koordinaten 50° 05’ 11’’ N
      05° 56’ 36’’ O

Si läit um hallwe Wee tëscht der Neimillen an der Aasselbuerer Millen, zirka 1,3 km nordwestlech vu Stackem.

Vun der fréierer Millen ass näischt méi ze gesinn, just um Terrain kann een nach gutt de Verlaf vum Millegruef feststellen. Op der Plaz vun der Mille steet haut e grousse Bauerenhaff.

Net wäit vun der Leeresmille leeft d'Fennbaach an d'Trëtterbaach.

Op d'Leeresmille kënnt een iwwer e Feldwee, deen op der Kräizung fir op Stackem vun der N12 fortgeet, an op Houfelt féiert.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Leeresmillen – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
D'Leeresmillen am Dezember 2008