Lannen zu Diänjen

Deel vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg


Déi véier Lannen zu Diänjen si Sëlwerlannen (Tilia tomentosa, (fr)tilleul argenté, (de)Silber-Linde) déi zu Diänjen an der Gemeng Wëntger stinn an zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéieren.

Lannen zu Diänjen
Kategorie Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
Land Lëtzebuerg

Lokalisatioun änneren

D'Lanne stinn am Carré ronderëm en aalt Kräiz aus Schifer virum Bauerenhaff Miller Op Katzelt, am südlechen Ausgank vun Diänjen.

Geschicht änneren

Et gëtt erzielt, datt d'Beem 1714 geplanzt goufen (cf Quell 2002).

Den Haff Miller ass nom Pierre Miller genannt, ee vun de fréiere Proprietären. De Pierre Miller war dee leschten aus enger Rei vun aacht Generatiounen a senger Famill deenen dat sougenannt Milleschgutt gehéiert huet, eng Proprietéit zu där och déi sougenannt Diänjer Millen, déi haut net méi besteet, gehéiert huet.

Entwécklung änneren

Ongeféier Moosse vum Bam (m)
Joer  [1]    
1958 2,70
1980 2,80 23,00
2000 0,90 25,00

  = Ëmfang;   = Duerchmiesser;   = Héicht

Biller änneren

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Lannen zu Diänjen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. op Broschthéicht gemooss
  • Quell vum Artikel wou net anescht uginn: (Les) Arbres remarquables… an der Literatur