Kierch Houfelt
| ||||
---|---|---|---|---|
Filialkierch vun Houfelt (2014) | ||||
Uertschaft / Plaz | Houfelt | |||
Par | Wëntger Sainte-Famille | |||
Dekanat | Norden | |||
Numm / Patréiner | Hl. Eligius | |||
Konsekratioun | 1958 | |||
Architekt(en) | J. P. Thill | |||
Koordinaten | 50° 05’ 55.6’’ N 05° 55’ 14.9’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Eligiuskierch zu Houfelt ass eng kathoulesch Kierch an d'Parkierch vun der Par Wëntger Sainte-Famille, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wëntger gehéiert.
De Patréiner ass den hellegen Eligius, deem säi Fest den 1. Dezember gefeiert gëtt.
D'Kierch steet zentral an der Uertschaft op der Verbindungsstrooss tëscht dem CR333 an dem CR362.
GeschichtÄnneren
Well déi al Kierch vun Houfelt ze kleng war gouf an den 1950er Joren decidéiert eng nei bauen ze loossen. D'Pläng fir dës modern Kierch si vum Architekt J. P. Thill vun Dikrech. De 15. Juni 1958 gouf d'Kierch vum Bëschof Léon Lommel geweit.
Bis de 7. Mee 2017 war et eng Filialkierch vun der Par Helzen, déi zum Parverband Ëlwen, Wäiswampech, Wëntger, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Klierf gehéiert huet. Zur fréierer Par Helzen huet ausser der Filialkierch vun Houfelt och nach d'Parkierch vun Helzen, d'Helzerklaus an d'Kapell vu Weiler gehéiert.
Kierch vu bannenÄnneren
FënsterenÄnneren
Déi net-figurativ Fënsteren (ë. a. 40 m2 op der Südwand) aus Glasbëtong (dalle de verre) si vum Gustave Zanter, grad wéi de Kräizwee op der Nordwand, déi keng Fënsteren huet.
StatuenÄnneren
Ënner dem Duxall sti Statue vum hl. Eligius, vum hl. Antonius dem Eremit an dem hl. Jousef (déi ass vum Kënschtler H. Lachner aus Tirol). Um barocken Héichaltor steet eng weider Statu vum hl. Eligius. Op de Rokoko-Säitenaltär steet eng Consolatrix Afflictorum-Statu an eng vum hellegen Donatus.
KlackenÄnneren
Am Kierchtuerm hänken 3 Klacken déi an den Téin do diese, la a sol lauden.
LiteraturÄnneren
- E. Donkel, L. Meyer, R. Staud: Hoffelt, Dorf und seine Kirche, 1958, St. Paul, 70 S.
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Kierch Houfelt – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vun der Par Wëntger Sainte-Famille
- D'Fënstere vun der Houfelter Kierch op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
- D'Uergel vun der Kierch op Orgues.lu