Société nationale des habitations à bon marché (Lëtzebuerg)
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Société nationale des habitations à bon marché, gekierzt SNHBM, ass eng Wunnengsbaugesellschaft, déi 1919 zu Lëtzebuerg gegrënnt gouf[1].
Société nationale des habitations à bon marché (SNHBM) | |
---|---|
Typ | SA |
Grënnungsdatum | 1919 |
Sëtz |
2B, rue Kalchesbruck L-1852 Lëtzebuerg |
Generaldirekter |
Guy Entringer (Direkter) Annick Rock (Presidentin CA) |
Mataarbechter | 135 |
() | |
() | |
Branche | Wunnengsbau |
Homepage | snhbm.lu |
Si hat bis 1995 ronn 6.200 Wunnenge gebaut. Anescht wéi an anere Länner waren dat keng Appartementsbléck, mä éischter Citéë mat Eefamilljenhaiser oder och mol Appartementshaiser fir eng 10 Stéit[2].
Bis 1980 war et sou, datt no 10 Joer de Keefer selwer decidéiere konnt, ob a wéi e säin Haus wollt verkafen. Zanterhier gouf d'Virkafsrecht op 12, dunn op 19, da 25 Joer, gehéicht, fir 2018 op 99 Joer festgeluecht ze ginn.
Direkteren
änneren- 1919 - 1942: Henri Frommes
- 1942 - 1980: Bob Frommes
- 1980 - 2008: Léon Contato
- zanter 2008: Guy Entringer
Literatur
änneren- Antoinette Lorang: Société Nationale des Habitations à Bon Marché. Album du Centenaire 1919-2019 (édité par la Société Nationale des Habitations à Bon Marché). Luxembourg 2019. 244 S. ISBN 978-99959-0-475-3
Um Spaweck
änneren- Reportage 200 Unitéiten huet d'SNHBM zejoert fäerdeggestallt op RTL (Tëlee) den 19. Mee 2021
- SNHBM: Bilan 2020 op RTL (Radio) den 19. Mee 2021
- La SNHBM continue la vente et accélère la location op paperjam.lu den 19. Mee 2021
Referenzen
änneren- ↑ den 23. Oktober 1919 als « Société anonyme pour la construction d'habitations a bon marché dans le Grand-Duché de Luxembourg » gegrënnt (Mémorial C, Recueil Spécial, numéro 34 du 12 novembre 1919)
- ↑ Quell, wou net anescht uginn: Bernard Thomas: "100 ans - 99 ans." d'Lëtzebuerger Land Nr.11, 13. Mäerz 2020, S.2-3.