Als Joerhonnert (ofgekierzt Jh.) bezeechent een d'Zäitspan vun honnert Joer. Zéng Joerhonnerter maachen ee Joerdausend.

Opgrond vun der Definitioun, datt et kee „Joer Null“ ginn ass, ëmfaasst ee Joerhonnert ëmmer déi honnert Joer, déi mat dem entspriechendem volle Joer ophalen. Dat lescht Joer vun engem Joerhonnert bezeechent een als Säkularjoer.

Beispill: dat 20. Joerhonnert enthält d'Jore vun 1901 bis 2000.

Als Virsilb gëtt d'Wuert Joerhonnert gebraucht, fir e besonnescht Erliefnes ze kennzeechnen, dat iwwer dat normaalt oder iwwer de statistesche Mëttelwäert erausgeet, zum Beispill e Joerhonnerthéichwaasser, e Joerhonnertsummer oder d'Joerhonnertaffär asw.