Tilo Prückner

däitsche Schauspiller


Den Tilo Prückner, gebuer de 26. Oktober 1940 zu Augsburg a gestuerwen den 2. Juli 2020 zu Berlin, war en däitsche Schauspiller an Auteur.

Tilo Prückner
Gebuer 26. Oktober 1940
Augsburg
Gestuerwen 2. Juli 2020
Berlin
Doudesursaach Häerzschwächt
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller

Hie gouf ënner anerem duerch Tëleesproduktioune wéi Adelheid und ihre Mörder, Rentnercops oder Tatort bekannt.

Säi Liewen änneren

Den Tilo Prückner war am Gymnasium bei St. Anna zu Augsburg an duerno am Melanchthon-Gymnasium zu Nürnberg, wou hien 1960 d'Première gemaach huet. Säin Droitsstudium huet hien am Joer ofgebrach, fir zu München eng Schauspillerausbildung ze maachen.

Am Joer 2013 huet hien de Roman Willi Merkatz wird verlassen publizéiert.

De Prückner ass den 2. Juli 2020 am Alter vun 79 Joer un Häerzversoe gestuerwen. Hien hannerléisst eng Fra an zwee erwuesse Jongen.

Film an Tëlee änneren

1976 krut de Prückner den Deutschen Darstellerpreis fir seng Roll als Geiespiller am Stoen Hännschen Wurlitzer an der Gaunerkomedie Bomber & Paganini.

Groussen Erfolleg hat hien als Kommissär Gernot Schubert an der Televisiounsserie Adelheid und ihre Mörder an duerno, tëscht 2001 an 2008, an der ARD-Krimiserie Tatort an där hien, nieft dem Robert Atzorn, d'Roll vum Kommissär Holicek gespillt huet.

Vu Mäerz 2015 un huet hien an der ZDF-Serie Rentnercops d'Haaptroll vum Kommissär Edwin Bremer an tëscht 2012 an 2016 d'Roll vum Kluftinger sen. an der Krimi-Serie Kommissar Kluftinger gespillt.

De Prückner war bis zu sengem Doud als Schauspiller aktiv.

Filmographie änneren

Kino änneren

TV (Auswiel) änneren

  • 1978-2014: SOKO München - (TV-Serie) - (12 Episoden)
  • 1981: Kottan ermittelt - (TV-Serie) - (1 Episod)
  • 1986–2013: Ein Fall für zwei - (TV-Serie) - (9 Episoden)
  • 1993–1999: Adelheid und ihre Mörder - (TV-Serie) - (26 Episoden)
  • 1992–2010: Tatort - (TV-Serie) - (23 Episoden)
  • 2003–2020: Kommissarin Lucas - (TV-Serie) - (30 Episoden)
  • 2015–2020: Rentnercops - (TV-Serie) - (56 Episoden)

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren