Robert Freitag

Schwäizer Schauspiller

De Robert Freitag, gebuer als Robert Peter Freytag de 7. Abrëll 1916 zu Wien a gestuerwen den 8. Juli 2010 zu München war e Schwäizer Schauspiller a Regisseur.

Robert Freitag
Gebuer 7. Abrëll 1916
Wien
Gestuerwen 8. Juli 2010
München
Nationalitéit Schwäiz, Éisträich
Aktivitéit Filmregisseur, Theaterschauspiller, Filmschauspiller
Famill
Bestuet mat Maria Becker
Kanner Benedict Freitag, Oliver Tobias

De Robert Freitag ass de Jong vum Schwäizer Operesänger Otto Freitag. Hien huet zu Wien am Reinhardt-Seminar Schauspill studéiert. Hien ass zur Zäit vum Nationalsozialismus an d'Schwäiz ausgewandert an ass vun 1941 am Schauspielhaus Zürich opgetrueden.

Hie war mat der Schauspillerin Maria Becker bestuet. Si sinn d'Eltere vun de Schauspiller Benedict Freitag an Oliver Tobias. De Robert Freitag war no senger Scheedung vun der Maria Becker vun 1965 bis bis zu sengem Doud am Joer 2010 mat der Schauspillerin Maria Sebaldt bestuet.

Filmographie änneren

Kino änneren

Autobiographie änneren

  • Es wollt mir behagen, mit Lachen die Wahrheit zu sagen. Pendo Verlag, Zürich 1994, ISBN 3-85842-280-0.

Um Spaweck änneren