Als Bunnkräizer ginn Asteroide bezeechent, deenen hir Ëmlafbunn déi vun engem Planéit kräizt, d. h. Perihel an Aphel leien bausse resp. banne vun enger Planéitenëmlafbunn, wat seng Ursaach an der grousser Exzentrizitéit vun dësen Objeten huet. Wann d'Gebitt vun der Planéitebunn nëmmen deelweis gekräizt gëtt, da schwätzt ee vun engem Bunnsträifer (englesch: grazer). Zu de Bunnkräizer zielen och Objeten déi sich an enger koorbitaler Ëmlafbunn zum jeeweilege Planéit beweegen.

Schematesch Duerstellung vun ënnerschiddlechen Asteroidebunntyppen (rout). Dat gielt Band entsprécht dem Spillraum vun enger Planéitebunn, dee baussenzegen a bannenzege Rand ginn den Aphel resp. Perihel vum Himmelskierper un. Mëtt uewen: bannenzeg Sträifer, Mëtt ënnen: baussenzeg Sträifer, Riets uewen: Koorbitalen Objet, Riets ënnen: Bunnkräizer vu bannen

D'Tatsaach, datt en Asteroid d'Bunn vun engem Planéit „kräizt“ féiert net onbedéngt dozou, datt eng Kollisiounsgefor besteet, well d'Orbiten net ëmmer op engem Niveau leien.

Déi meescht Asteroiden an eisem Sonnesystem, déi baussenzeg vun der Haaptasteroidenceinture leien, si Bunnkräizer. D'Schwéierkraaft vum Jupiter suergt allerdéngs dofir, datt sech Asteroiden, bis op e puer Ausnamen, nëmme bannen oder bausse vu senger Ëmlafbunn beweegen.

Bunnkräizertyppen am Sonnesystem änneren

Äerdbunnkräizer änneren

 
Den Aten-Asteroid 2004 FH kräizt d'Bunne vun Äerd a Venus.

Asteroiden, déi d'Äerdbunn kräizen, gehéieren zu den Äerdnoen Asteroide vum Apollo- oder Atentyp. Déi kräizen d'Äerdbunn vu baussen (Apollo) resp. vu bannen (Aten).

Vun Äerdbunnkräizer geet e gewësse Risiko fir en Aschlag op d'Äerd aus. Trotzdeem ass den Duerchstousspunkt (= Knuet) duerch d'Ekliptik meeschtens méi oder wéineger wäit vun der Äerdbunn ewech, soudatt sech geometresch keng Kollisioune mat der Äerd kënnen erginn. Déi grouss Zuel vun Asteroide bréngt et awer dann dach mat sech, datt verschidden Objete ganz geféierlech no un Äerd erukomme kënnen. Am August 2006 waren ongeféier 31 Objete bekannt, déi theoreetesch bis op manner wéi 50.000 km un den Äerdmëttelpunkt erukomme kéinten. Vun der NASA ginn z.Z. 58 Objeten als potentiell geféierlech aklasséiert, déi bei hirem nooste Rendez-vous méi no wéi de Mound kommen:

Bezeechnung Distanz
Mounddistanzen km
(7482) 1994 PC1 0,005966988 2294
(152664) 1998 FW4 0,010080437 3875
(37638) 1993 VB 0,017828967 6853
2002 EY2 0,030332494 11660
(177049) 2003 EE16 0,049877584 19173
(267337) 2001 VK5 0,054504037 20951
(297300) 1998 SC15 0,056665098 21782
2001 EC 0,076372277 29358
(433953) 1997 XR2 0,078531003 30187
(137108) 1999 AN10 0,094539511 36341
(216985) 2000 QK130 0,099837672 38378
(99942) Apophis 0,105483750 40548
(292220) 2006 SU49 0,114382901 43969
(247360) 2001 XU 0,196846856 75668
2003 GG21 0,241523183 92842
2005 LW3 0,245039334 94193
(143487) 2003 CR20 0,253009925 97257
(162173) Ryugu 0,267567218 102853
(35396) 1997 XF11 0,291597298 112090
(163132) 2002 CU11 0,341506404 131275
(90416) 2003 YK118 0,341603697 131312
(162416) 2000 EH26 0,379825639 146005
(405212) 2003 QC10 0,394575571 151675
(267131) 2000 EK26 0,422109349 162259
2000 TU28 0,425312218 163490
(141495) 2002 EZ11 0,462579137 177815
(164207) 2004 GU9 0,474406013 182362
(85640) 1998 OX4 0,484831878 186369
(89959) 2002 NT7 0,497230834 191136
2002 JZ8 0,525465117 201989
(85236) 1993 KH 0,537066275 206448
2000 KA 0,543028360 208740
2005 GY8 0,551103637 211844
(144898) 2004 VD17 0,580155178 223012
(467351) 2003 KO2 0,589440774 226581
(152685) 1998 MZ 0,600792863 230945
(387668) 2002 SZ 0,635187707 244166
(171576) 1999 VP11 0,639997848 246015
(2201) Oljato 0,643165692 247233
1997 GL3 0,680343102 261524
(434734) 2006 FX 0,681214843 261859
(330233) 2006 KV86 0,684390470 263080
2002 SQ41 0,696649325 267792
(89958) 2002 LY45 0,714169759 274527
(153814) 2001 WN5 0,723809500 278232
2002 NY40 0,739948380 284436
(101869) 1999 MM 0,748467311 287711
2001 QJ96 0,761263220 292630
2004 XP14 0,822826023 316294
2003 MK4 0,840513799 323094
(387746) 2003 MH4 0,847359300 325725
(85713) 1998 SS49 0,850044573 326757
1999 RM45 0,871810851 335124
(162162) 1999 DB7 0,893514862 343467
2004 FU4 0,938390054 360717
(444193) 2005 SE71 0,984105854 378290
(154276) 2002 SY50 0,986736643 379302

Venuskräizer änneren

Dat sinn Apollo- an Aten-Asteroide mat Periheldistanze bannent der Venusbunn. Ofgesi vun e puer wéinegen Apohel-Asteroiden, déi eng Ënnergrupp vun den Aten-Asteroide sinn, kräizen all d'Venuskräizer och d'Äerdbunn.

Merkurkräizer änneren

Objete vun dësem Typ si meeschtens Aten-Asteroiden, awer och e puer Apollo-Asteroiden, deenen hire Perihel bannent der Ëmlafbunn vum Merkur (Planéit) läit. Bekannt Vertrieder sinn d'Apollo-Objeten (1566) Icarus an (3200) Phaethon, deenen hir Aphelpositioune baussenzeg vun der Marsbunn leien. All Merkurkräizer si gläichzäitig souwuel Venuskräizer, well et keng bekannt Objete gëtt deenen hir Bunn komplett bannenzeg vun der Ëmlafbunn vun der Venus verleeft.

Marskräizer änneren

 
Hidalgo kräizt d'Bunne vum Jupiter an Ceres, a sträift d'Saturnbunn

Zu den Asteroiden déi d'Marsbunn kräize gehéieren Apollo- an Amor-Asteroiden, vun deenen déi vum Apollotyp och Äerdbunnkräizer sinn. All Amor-Asteroide si bis op e puer Exemplare vum Amor I-Subtyp Marskräizer. Besonnesch Vertrieder sinn den (5261) Eureka, deen e Mars-Trojaner ass, souwéi d'Damocloiden 1999 XS35 an 1998 WU24.

Jupiterkräizer änneren

Zu de wéinege Jupiterkräizer nieft den Trojaner, gehéieren Asteroide vum Amor IV-Subtyp, souwéi déi meescht bekannt Damocloiden. E puer Apollo Asteroide kräizen och d'Ëmlafbunn vum Jupiter. Dës an d'Amor IV-Asteroide hunn e Perihel no bei der Äerdbunn a sinn dofir och Marskräizer. D'Damocloide sinn koméitenänlech Objeten, deenen hir Apheldistanzen deelweis wäit baussent der Uranusbunn leien. D'Trojaner beweege sech ëmmer 60° vir an hanner dem Jupiter an 1:1-Resonanz ëm d'Lagrangepunkte vun der Jupiterbunn an zielen als Bunnsträifer oder koorbital Objeten, deelweis awer och als echt Kräizer. E weidere Jupiterkräizer ass den ongewéinlechen Objet (944) Hidalgo, deem säi Perihel an der Haaptasteroidenceinture läit.

Saturnkräizer änneren

 
Diagramm an deem d'Bunnhallefachse vun Objeten déi Säit vum Saturn géint hir Bunnschréi ofgedroe ginn. Déi meescht Objete sinn Zentauren.

Déi meescht Asteroiden déi d'Ëmlafbunn vum Saturn kräize si sougenannt Zentauren, awer och Damocloiden. D'Zentaure si warscheinlech vergloust Koméiten, deenen hir ufanks flüchteg Bestanddeeler méi oder wéineger subliméiert sinn. Awer d'Beispill vum Zentaur (2060) Chiron, ass anescht, zanter en Halo entdeckt gouf, hie gëtt och als Koméit klassifizéiert. Zentaure si gréisstendeels och Uranus- an a munneche Fäll och Neptunkräizer. Den Asteroid Hidalgo sträift d'Ëmlafbunn vum Saturn ouni se ze kräizen.

Uranuskräizer änneren

Objeten déi d'Bunn vum Uranus kräize si meeschtens Zentauren an e puer Damocloide wéi z. B. den (5335) Damocles.

Neptunkräizer änneren

Zu den Neptunkräizer gehéieren nieft e puer Zentaure wéi z. B. (5145) Pholus, och Damocloiden. En ettlech Asteroiden déi d'Bunn vum Neptun kräizen zielen zu den transneptuneschen Objeten. Dorënner Plutinos wéi z. B. (28978) Ixion an (38628) Huya awer och staark exzentresch SDOs wéi (87269) 2000 OO67. Och den Zwergplanéit Pluto huet e Perihel bannescht der Neptunbunn. Neptun huet ausserdeem eng Grupp vun Trojaner.

Tabellen änneren

Bunnkräizer bannent der Jupiterbunn änneren

Asteroid Typ Merkurbunn Venusbunn Äerdbunn Marsbunn
(1566) Icarus Apollo Kräizer Kräizer Kräizer Kräizer
(3200) Phaethon Apollo Kräizer Kräizer Kräizer Kräizer
(2101) Adonis Apollo Kräizer Kräizer Kräizer Kräizer
(1865) Cerberus Apollo - Kreuzer Kräizer Sträifer
(2063) Bacchus Apollo - Kräizer Kräizer Sträifer
(1862) Apollo Apollo - Kräizer Kräizer Kräizer
(2100) Ra-Shalom Aten - Kräizer Kräizer -
(3554) Amun Aten - Kräizer Kräizer -
(3753) Cruithne Aten - Kräizer Kräizer -
(163693) Atira Aten
(Apohele)
- Kräizer - -
(69230) Hermes Apollo - Kräizer Kräizer Kräizer
(4769) Castalia Apollo - Kräizer Kräizer Sträifer
(4183) Cuno Apollo - Sträifer Kräizer Kräizer
(2340) Hathor Aten Sträifer Kräizer Kräizer -
(3362) Khufu Aten - Kräizer Kräizer -
(2062) Aten Aten - - Kräizer -
2002 AA29 Aten - - koorbital -
(1620) Geographos Apollo - - Kräizer Sträifer
(1866) Sisyphus Apollo - - Kräizer Kräizer
(4179) Toutatis Apollo - - Kräizer Kräizer
(6489) Golevka Apollo - - Sträifer Kräizer
(25143) Itokawa Apollo - - Kräizer Kräizer
(4015) Wilson-Harrington Apollo - - Sträifer Kräizer
(433) Eros Amor - - - Kräizer
(719) Albert Amor - - - Kräizer
(887) Alinda Amor - - - Kräizer
(1036) Ganymed Amor - - - Kräizer
(1221) Amor Amor - - - Kräizer
(5261) Eureka Mars-
Trojaner
- - - koorbital

Den Amor-Asteroid (3552) Don Quixote kräizt d'Bunne vu Mars a Jupiter.

Bunnkräizer baussent der Jupiterbunn änneren

Bekannt Bunnkräizer déi Säit vun der Jupiterbunn, ouni Trojaner.

Asteroid Typ Jupiterbunn Saturnbunn Uranusbunn Neptunbunn
(944) Hidalgo Anomalie? Kräizer Sträifer - -
(20461) Dioretsa Damocloid/
SDO
Kräizer Kräizer Kräizer Kräizer
(5335) Damocles Damocloid Kräizer Kräizer Kräizer -
(2060) Chiron Zentaur - Kräizer Sträifer -
(5145) Pholus Zentaur - Kräizer Kräizer Kräizer
(8405) Asbolus Zentaur - Kräizer Kräizer -
(65407) 2002 RP120 Damocloid/
SDO
- Kräizer Kräizer Kräizer
(7066) Nessus Zentaur - - Kräizer Kräizer
(10199) Chariklo Zentaur - - Sträifer -
(10370) Hylonome Zentaur - - Sträifer Kräizer
(31824) Elatus Zentaur - Kräizer - -
(32532) Thereus Zentaur - Kräizer - -
(52975) Cyllarus Zentaur - - Kräizer Kräizer
(54598) Bienor Zentaur - - Sträifer -
1993 SB Plutino - - - Kräizer
(28978) Ixion Plutino - - - Sträifer
(38628) Huya Plutino - - - Kräizer
(87269) 2000 OO67 SDO - - - Kräizer
(84719) 2002 VR128 Plutino - - - Kräizer

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren